Lëtzebuerger Constitutioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Déi heiteg Lëtzebuerger Verfaassung geet zeréck op d'Joer 1868.
Déi éischt Lëtzebuerger Verfaassung gouf 1841 geschriwwen, zwee Joer, nodeems datt den Traité vu London de franséischsproochegen Deel vu Lëtzebuerg als Province du Luxembourg der Belsch zougesprach huet, an ee Joer, nodeems datt de Wëllem II. Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg gi war).
Nom Staatsstreech vun 1856 gouf eng nei Verfaassung agefouert, déi déi demokratesch Tendenzen aus deer vun 1848 ofgeschaf huet.
De 17. Oktober 1868 ass déi Verfaassung a Kraaft getrueden, déi och haut nach (wann och eng zéng Kéiere geännert), gëllt. Déi lescht Ännerung ass vum 19. November 2004. D'Verfaassung selwer schreift an hirem Artikel 114 vir, wéi se geännert ka ginn: D'Chamber, déi dëst wëlles huet, muss zweemol iwwer deeselwechten Text ofstëmmen an engem Interval vun dräi Méint. Dofir mussen op d'mannst zwee Drëttel fir d'Ännerunge stëmmen.
Par rapport zum System vu virun 2004, no deem d'Chamber déi eng Verfassungsännerung wëlles hat als éischt declaréieren huet misse wat fir Artikele geännert solle ginn, sech dann opzeléisen hat (a sief et och just wa souwisou geschwë Wahlen ustongen), an nëmmen déi nei gewielte Chamber iwwert déi vun hirer Virgängerin bestëmmten Artikele mat enger zwee Drëttel Majoritéit fir Ännerunge stëmmen konnt, ass deen neie System esou "liicht", datt d'Verfassung bal op den Niveau vum engem einfache Gesetz gefall ass.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Opbau
Déi heiteg Verfaassung besteet aus 120 Artikelen, déi an 11 Kapitelen agedeelt sinn. Si beschreift, wat d'Land ausmécht, wat de Bierger hier Rechter a Fräiheeten sinn, a wéi d'Muecht am Staat verdeelt ass.
Déi eenzel Kapitelen hunn dës Themen:
Kapitel I:
- Iwwert den Territoire an de Groussherzog
-
- Zu de Prerogativen vum Groussherzog gehéiert et ënnert anerem och fir Auszeechnungen ze verginn:
- Den Art. 41 seet an deem Zesummenhang: Le Grand-Duc confère les ordres civils et militaires, en observant à cet égard ce que la loi prescrit.
- Zu de Prerogativen vum Groussherzog gehéiert et ënnert anerem och fir Auszeechnungen ze verginn:
Kapitel II:
- Iwwert d'Lëtzebuerger an hier Rechter
Kapitel III:
- Iwwert d'souverän Muecht
Kapitel IV:
- Iwwert d'Chamber vun den Deputéierten
Kapitel V:
- Iwwert d'Regierung vum Grand-Duché
Kapitel V bis:
- Verfaassungsännerung vun 1989 iwwert d'Bestëmmung vum Staatsrot
Kapitel VI:
- Iwwert d'Justiz
Kapitel VII:
- Iwwert d'ëffentlech Muecht
Kapitel VIII:
- Iwwert d'Finanzen
Kapitel IX :
- Iwwert d'Gemengen
Kapitel X an XI :
- Allgemeng Bestëmmungen