Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich. Fir en allgemengen Artikel iwwert de Krich, kuckt w.e.g. Zweete Weltkrich. |
Wéi Däitschland den 1. September 1939, no der Annexioun vun Éisträich, no der Okkupatioun vum Sudeteland a vun der Tschechoslovakei, och nach Polen ugegraff huet, ass d'Faass iwwergelaf a Groussbritannien a Frankräich hunn Däitschland de Krich erkläert. Domatt huet den Zweete Weltkrich ugefang.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] D'militäresch Okkupatioun
Am lëtzebuerger Raum ass am Ufank net vill geschitt. Während der drôle de guerre, déi den 1. September 1939 ugong, ass et zwar am Dräilännereck, südlech vu Schengen, zu vereenzelten Zesummestéiss vu franséischen an däitschen Spähtruppe koum, mee dobäi blouw et. Lëtzebuerg huet seng Neutralitéit zum Ausdrock bruecht an d'Pilote vun engem franséische Fliger, dee bei Feelen noutgeland war, wéinst der Lëtzebuerger Neutralitéit an d'Klinik op Ettelbréck ageliwwert an do bewaacht a festgehal. Gläichzäiteg gouf laanscht d'Lëtzebuerger Grenzen eng sougenannt Schusterlinn, genannt no hirem Urheber, gebaut. Dat ware Späeren aus Betonbléck mat eise Paarten, déi am Noutfall am Bueden verankert konnte ginn. Si haten den Zweck fir e Virmarsch vun der däitscher Wehrmacht ze verhënneren oder wéinstens ze behënneren, allerdéngs hu se net vill genotzt. Den 10. Mee 1940, um 4:35 Auer, fänkt déi däitsch Offensiv op Lëtzebuerg an op d’Belsch un. Kuerz virum Ugrëff hunn däitsch Sonderkommandoen an Zivil probéiert fir déi Späeren ze sabotéieren (wat hinnen allerdéngs zum groussen Deel net gelong ass) a fir d’Sprenge vun de Brécken ze verhënneren. D’Wehrmacht begéint net vill Widderstand op lëtzebuerger Säit. Dat läit zum Deel och dorunner, datt d’lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an hirer Kasär um Hellege Geescht bliwwen ass. Militärech gesinn hätte si souwisou keng Chance gehat.
Den Géigeschlag vun de Fransouse kënnt um 8 Auer. 3 franséisch Kavalleriesdivisiounen kommen duerch de Minette an d’Land a stellen sech den däitschen Truppen entgéint. No e puer klenge Gefechter zéien se sech awer neess hannert d’Maginotlinn zeréck.
Géint den Owend vum 10. Mee ass ganz Lëtzebuerg besat.
Déi ganz Lëtzebuerger Regierung, mat Ausnam vum Minister Nicolas Margue, konnt sech nach an der Nuecht zum 10. Mee no Frankräich an duerno no England duerchschloen. Och der Groussherzogin Charlotte an hirer Famill ass et an allerleschter Minutt gelong d'Grenz no Frankräich hinn ze passéieren. Wéinst de Kampfhandlungen am Süde vum Land huet de ganze Minett missen evakuéiert ginn, een Deel an d'Frankräich an deen aneren Deel, ronn 47 000 Persounen, an den Zenter an an de Norde vu Lëtzebuerg. No Päischten, wéi alles sech berouegt hat an d'franséisch Truppen sech hannert d'Maginotlinn zeréckgezunn hate, konnten si réischt an den zerstéierte Minnett zeréckgoen. Vum 10. Mee 1940 u war Lëtzebuerg also besat an stoung ënner däitscher Militärverwaltung. Si huet sech op Requisitiounen vu Gefierer a Wunnengen an op Moossnahmen am Interessi vun der Sécherheet vun den däitschen Truppe beschränkt, mee keng politesch Decisiounen geholl.
[Änneren] Ënnerjochung duerch déi däitsch Zivilverwaltung
Dat huet sech nom Feldzuch géint Frankräich geännert, wéi de Gauleiter Gustav Simon den 21. Juli 1940 vum Hitler, deem hien direkt ënnerstong, op Lëtzebuerg als Chef vun der Zivilverwaltung geschéckt gouf. D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg sollt agedäitscht an zum Nationalsozialismus bekéiert ginn. Eng Volleksdäitsch Bewegung (VDB) gouf vun däitscher Säit ënnert dem Motto Heim ins Reich an d'Liewe geruff. Un hirer Spëtzt stong den Damian Kratzenberg, deen no der Liberatioun vu Lëtzebuerg als Verréider higeriicht gouf. Groussen Drock a Chantage ass op d'Awunner ausgeübt ginn, fir déier Bewegung bäizetrieden. Vun der däitscher Zivilverwaltung sinn eng Rei vu Mesure geholl ginn, déi aussergewéinlech schlëmm Konsequenzen haten an zu Lëtzebuerg an traureger an schmierzhafter Erënnerung bliwwe sinn, wéi:
- D'Opléisung vun de politesche Parteien an d'Verhaftung vum Albert Wehrer, deen als Generalsekretär vun der Regierung beoptragt war, hier Interessen ze vertrieden, soulang si fort war.
- D'Personenstandsaufnahme vum. 10 Oktober 1941,
- D'Applicatioun vu den Nürnberger Gesetzer op d'Lëtzebuerger Judden an hir Verschleefung an Internéierungs- a Konzentratiounslageren,
- D'Aféierung vum Aarbechtsdéngscht fir Jongen an Meedercher,
- D'Aféierung vun der Wehrpflicht,
- D'Ëmsiidlung vu Persounen, déi net als volleksdäitsch betruecht goufen,
- D'Eliminatioun vu Studenten, déi net an d'Hitlerjugend gaang sinn, aus de Kolléischer,
- D'Eliminatioun aus dem Staatsdéngscht vu Beamten, déi der VDB net bäigetruede sinn,
- D'Verpflichtung vu ganze Schoulklassen als Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer zum Déngscht bei der Flak,
- D'Internéierung, ouni Prozess, a Konzentratiounslageren vu Lëtzebuerger déi net gekuscht hunn.
[Änneren] Den aktiven a passive Widderstand zu Lëtzebuerg
Vun Ufank un hunn d'Lëtzebuerger sech géint all Terror a Willkür vun de Naziën gewiert. Aus de fréieren Fënnef-Frangstécker hu se de Kapp vun der Grande-Duchesse Charlotte mat stolenen Schnëtzelseeën rausgeschnitt an dovun Spéngele gemeet, déi se amplaz vun de VDB-Spéngelen demonstrativ gedro hunn. Op déi franséisch Bereten, (dt.: Baskenmützen), déi d'Jugend ostentativ gedroen huet, hunn d'Preise Juegd gemeet an d'Zeechen vun der franséischer Dekadenz, vum Papp gerass.
Den 21. Oktober ass an der Stad d’Monument vun der Gëlle Frau ëmgerappt ginn. Dës Aktioun huet grousse Protest ausgeléisst. D’Gestapo huet 13 Persoune verhaft.
Wéi dunn de Gauleiter vu Lëtzebuerg,Gustav Simon den 30. August 1942 , déi obligatoresch Wehrpflicht ugekënnegt huet, war d'Faass voll, an et gouf fir d'Lëtzebuerger keen Halt méi. Si hunn op eng hefteg an onzweedeiteg Manéier reagéiert. Lëtzebuerg war dat eenzegt vun de vun Däitschland militäresch besate Länner, wou e Generalstreik ausgeruff gouf. Dat ass den 31. August geschitt fir géint Nazi-Däitschland ze protestéieren. Zu Wolz ass gestreikt ginn, an dëse Streik huet sech op Dikkrech an Ettelbrëck ausgedehnt. Op de Schmelzen gouf d'Sireen gedréckt an eleng op der Schëfflenger Schmelz hunn 200 Aarbechter opgehal ze schaffen. Bis zum 2. September koum et zu enger Ausweitung vum Streik, ënnert aneren op d'Schmelzen vun Déifferdeng, Diddeleng, d'Minièren vun Téiteng an Rëmeleng. D'Studente vun de Kolléischer sinn doheem bliwwen an d'Baueren hunn hir Mëllech nët ofgeliwwert, mee ausgeschott.
De Gauleiter Gustav Simon huet dunn haart duerchgegraff, fir d'Situatioun rëm an de Grëff ze kréien. De Belagerungszoustand ass vun himm ausgeruff ginn, an 21 Lëtzebuerger sinn erschoss ginn. Vill anerer goufe festgeholl a koumen an Konzentratiounslageren. Souguer an der alliéierter Press ass demools vun deem couragéierten, mee bluddeg néiergeschloenen, Streik zu Lëtzebuerg Rieds gang. A souwäit war hien nëtzlech, dat hie verhënnert huet, datt, wéi a Lothringen an am Elsass, nach aner Joergäng an déi däitsch Arméi agezu si ginn. Zu Wolz, dat haart vum uschléissenden Nazi-Terror betraff gouf, erënnert nach haut e Monument un dësen Generalstreik vun 1942.
[Änneren] D'Liberatioun
Nodeem d'Alliéert de 6. Juni 1944 an der Normandie geland waren an hinnen de 27. Juli 1944 den Duerchbroch zu Avranches gelong war, wosst jiddereen zu Lëtzebuerg, datt d'Liberatioun vum Land nëmme méi eng Fro vun der Zäit wier. Aus Angscht vun den Alliéierten hunn dunn Ënn August, Ufank September 1944 déi läscht preisesch Zaldoten, a mat hinnen och déi däitsch Zivilverwaltung d'Land verlooss, fir sech hannert de Westwall a Sëcherheet ze brengen.
Den 10. September 1944 huet dunn d'Klack vun der Liberatioun duerch d'Amerikaner geschlo. D'Freed, fir endlech vum Nazi-Joch befreit ze sinn, war immens grouss. D'Lëtzbuerger Zwangsrekrutéierten sinn aus hire Verstopper kom, eng Miliz huet sech gebild an huet d'Muecht virleefeg iwerholl.
[Änneren] D'Nazi Kollaboratioun
D'Nazikollaborateuren, déi sech nëtt weggemeet haten, goufen festgeholl an d'Meedercher, déi sech ze vill intim mat den Däitschen ageloss haten, krouchen de Kapp geschuer. D'Freed iwwert d'Befreiung war ëmsou méi grouss, well och de Prën Jean a säi Papp, de Prënz Felix, an engem amerikaneschen Jeep derbäi waren.
D'Zuel vun de Lëtzebuerger, déi mat den Naziën kollaboréiert hunn, war staark begrenzt, Mee déi déi kollaboréiert hunn, waren meeschtens zu alle Schandtaten bereet. Nom Krich sinn se duerfir och bestroft ginn.
Mëtt 1945 soutzen 5101 Lëtzebuerger, 2857 Männer an 2244 Frauen, 1,79 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung, wéint hierer politëscher Aktivitéit am Prisong. 12 Kollaborateuren goufen zum Dout verurteelt an am Kasärenhaff erschoss, 249 goufen zu Zwangsarbëscht verurteelt, 1366 zu Prisongs- an 645 zu Zuchthausstrofen. Ronn 0,80 Prozent vun der Bevëlkerung goufen also gerichtlëch bestrooft.
Außer hierer politëschen Aktivitéit hate si sech och fir hier Aktiounen géint d'Juden, fir de Verrot vu verstoppten Zwangsrekrutéierten a fir d'Bespitzelung vun der Lëtzebuerger Populatioun ze veräntwerten.
[Änneren] Lëtzebuerg an der Adennenoffensiv
D'Ardennenoffensiv war dat schroost, wat Lëtzebuerg jee erliewt huet. Keen hat nämlech erwaart dat d'Preisen nach eng Kéier géifen rëmkommen.
[Änneren] Den däitschen Duerchstouss
Wéi d'Amerikaner den 10. September 1944 Lëtzebuerg liberéiert hunn, hu si versicht, bei Wallendorf (Däitschland), do wou d'Our an d'Sauer leeft, duerchzestoussen. Dat ass hinnen iewer nët gelong a si haten grouss Verloschter. Och well se Schwieregkeeten mam Nooschub haten, hu si dorophin un der Lëtzebuergesch-däitscher Grenz virleefeg Halt gemeet. D'Grenz war allerdéngs deemools schwach vun amerikaneschen Truppen besat. Lëtzebuerger Milizen hunn haptsächlech do zirkuléiert. Déi Veianer Miliz (oder Veiner Miliz) hat zum Beispill d'Veianer Schlass besat an konnt vu do aus gesinn, wat sech op der däitscher Säit ofspille géif. Verschiddentlech huet se och däitsch Stousstruppen, déi no Lëtzebuerg luesse komm si, verjeet. Ufank Dezember 1944 ass et der Veianer Miliz opgefall, dat op der anerer Säit eng grouss militäresch Aktivitéit sech bemierkbar gemeet huet. D'Miliz huet d'Amerikaner dunn doriwwer ënnerriicht, mee déi hunn néischt drop ginn.
Déi grouss Iwweraschung koum de 16. Dezember 1944, wéi déi éischt Granaten zu Dikkrech explodéiert sinn an d'Miliz vu Veianen sech a Riichtung Dikkrech-Ettelbréck ofgesat huet, mat der Noricht: "D'Präisen sinn duerchgebrach a kommen rëm". Vun der Nordspëtzt vum Land bis op Iechternach hunn déi däitsch Arméien mat 240 000 Zaldoten hir Ardennenoffensiv gestart a Richung Hafen vun Antwerpen. Bezweckt war fir déi amerikanesch Truppen vun hierem Noschub ofzeschnedden a gleichzeiteg e Käil tëschent si an déi englësch Truppen ze dreiwen. Zwar hunn déi 83 000 Amerikaner, déi hinnen gegeniwwerstongen, sech hartnäckeg gewiert. Mee si konnten nët verhënneren, dat nët nëmmen déi belsch Ardennen mee och d'ganzt Eéisleck bis rof op Iechternach rëm vun der däitscher Iwwermuecht besat gouf. Dat schlecht Wierder, dat den Asaz vun der amerikanescher Aviatioun verhënnert huet, war den däitschen Zaldoten behëlleflech. Hir nei Taktik huet doranner bestan, dat se d'Haptstroossen évitéiert hunn a sech op Nieweweeër déplacéiert hunn. Nuets hunn se matt Scheinwerfer de Lëtzebuerger Himmel ofgeliicht, fir hiren Arméiën d'Marschriichtung unzeginn.
[Änneren] De Generol Patton huet d'Entscheedung erbäigefouert
Déi 3. Arméi vum Generol Patton, déi vun der Saar-Front ofgezu ginn ass, huet dunn d'Entscheedung erbäigefouert. Direkt no Krëschtdag, wéi d'Wierder sech opgeklärt huet, ass et himm mat Hëllef vun der amerikanescher Aviatioun gelong, déi ageschlossen belsch Stad Baaschtnech ze liberéieren.
De 7. Februar 1945 huet déi 3. US-Arméi vum Generol Patton d'Grenzflëss Sauer an Our passéiert. A wéi och nach déi 6. US-Kavalleriegrupp den 12. Februar 1945 Veianen zereckeruewert huet, war ganz Lëtzebuerg rëm fräi.
[Änneren] Lëtzebuerg no der Ardennenoffensiv
De Krichschued am Éisleck war grouss. Mat groussem Asaz huet d'Regéirong d'Rekonstruktioun virugedrief. D'Equippen aus dem Zenter vum Land an aus dem Minnett, déi duerfir agesat goufen, hunn Grousses geleescht.
Direkt wéi se rëm war, huet d'Grande-Duchesse Charlotte dat zerstéiert Éisléck besicht an e starken Undeel um Leed vun der Populatioun geholl.
[Änneren] Zesummegefaasst
Vun alle besate Länner huet Lëtzebuerg, no Polen, pro Kapp vun der Bevëlkerung, déi hëchste Zuel vun Affer beklot
.
- Affer vu Mënschen
- Am ganzen si 11 160 jong Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 - 1927 zwangsrekrutéiert gi. 2572 sinn ëmkomm, 96 ginn nach ëmmer vermësst (25,50% Doudeger a Vermësster). 3510 (31,43%) konnten sëch dem Wehrdëngscht an der Wehrmacht entzéihen oder sinn un der Front desertéiert. 1551 sinn mat schwéieren kierperlëchen oder séileschen Schied heem kom. Ënnert hinnen waren 326 Schwéierverstümmelter, 469 Verwondter an 756 Kranker. 3614 jong Meedercher hu mussen an den RAD-Arbeschtsdëngscht oder an den Krichhëllefsdëngscht. 56 si gestuerw an 2 vun hinnen ginn nach ëmmer vermësst
.
- Am ganzen si 11 160 jong Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 - 1927 zwangsrekrutéiert gi. 2572 sinn ëmkomm, 96 ginn nach ëmmer vermësst (25,50% Doudeger a Vermësster). 3510 (31,43%) konnten sëch dem Wehrdëngscht an der Wehrmacht entzéihen oder sinn un der Front desertéiert. 1551 sinn mat schwéieren kierperlëchen oder séileschen Schied heem kom. Ënnert hinnen waren 326 Schwéierverstümmelter, 469 Verwondter an 756 Kranker. 3614 jong Meedercher hu mussen an den RAD-Arbeschtsdëngscht oder an den Krichhëllefsdëngscht. 56 si gestuerw an 2 vun hinnen ginn nach ëmmer vermësst
-
- 3963 Lëtzebuerger goufen tëschent 1940 a 1945 an een Konzentratiounslager gestach oder koumen an de Prisong. 791 vun hinnen si gestuerf , 4187 Persounen goufen ëmgesiedelt, 640 Persounen hunn aus politeschen Grënn hir Plaz verluer a vill Lëtzebuerger Beamten, besonnesch Professeren, goufen no Däitschland zwangsverpflicht an op hierer Plaz duerch däitsch Naziën ersat
. - Vun den 3500 Juden, déi virum Krich zu Lëtzebuerg geliewt hunn, si 71% ëmkom.
- 3963 Lëtzebuerger goufen tëschent 1940 a 1945 an een Konzentratiounslager gestach oder koumen an de Prisong. 791 vun hinnen si gestuerf , 4187 Persounen goufen ëmgesiedelt, 640 Persounen hunn aus politeschen Grënn hir Plaz verluer a vill Lëtzebuerger Beamten, besonnesch Professeren, goufen no Däitschland zwangsverpflicht an op hierer Plaz duerch däitsch Naziën ersat
600 Zivilpersounen hunn dierch Krichsawierkungen hiert Liewe gelooss (haaptsächlech während der Ardennenoffeniv).
- Materielle Schued
De Jos Schroeder, dee nom Krich der Regéirung als Commissaire à la Reconstructioun ugehéiert huet, huet folgenden Bilan opgestallt: Vun den 58.069 Immeublen déi 1935 bestan hunn, goufen der ronn 18.000 (ongféier 1/3) sinistréiert, an zwar:
-
- 10.650 Immeblen goufen tëschent 0 an 25 % beschiedegt
- 3.690 goufen tëschent 25 an 50 % beschiedegt
- 1.585 goufen tëschent 50 an 80 % beschiedegt
- 2.070 goufen tëschent 80 an 100 % beschiedegt
- Et gouf ausgerechent, datt dee Schued am ganzen 3,5 - 4 Milliarden deemoleg Frangen errecht huet. Wann en de Schued un den öffentlechen Infrastrukturen, wéi Eisebunn, Stroossen, elektrescht Netz an Telefoninstallatiounen matberücksichtegt, da kënnt een op 5 Milliarden deemoleg Frangen oder 18.000 Frang pro Kapp vun der Populatioun.
[Änneren] Album mat Fotoen vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
[Änneren] Literatur
- Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, Victor Buck, 1948, 159 S.
- Franz Petri, Ivo Schöffer u. Jan Juliaan Woltjer (Hg.), Geschichte der Niederlande. Holland, Belgien, Luxemburg, München 1991 (Auszug aus Handbuch der europäischen Geschichte, hg. von Theodor Schieder; berücksichtigt die Geschichte des Großherzogtums Luxemburg seit 1815)
- Michael Erbe: Belgien, Niederlande, Luxemburg. Geschichte des niederländischen Raumes. Stuttgart, Berlin, Köln 1993. ISBN 3-17-010976-6
- Kergen, Pierre: Kriegserinnerungen eines Öslinger Resistenzlers / Pierre Kergen. - An: Rappel : organe de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques. - Luxembourg. - année 56(2001), n° 1, p. 66-101, ill. ; n° 2, p. 237-253, ill. ; n° 3, p. 346-382, ill. ; n° 4, p. 509-538, ill.
- Friedrich,Evy: Lëtzebuerger am Krich 1940 - 1945 : eng kleng Natioun erzielt / Club des jeunes Ell. - Ell : Club des jeunes, cop. 2001 (Luxemburg : Sankt-Paulus-Dr.). - 590 S. : ill. ; 25 cm
- Milmeister, Jean: Die Ardennen-Schlacht 1944-1945 in Luxemburg, 1994, Editions Saint-Paul.
- Rasqué, Fritz: Das Oesling im Krieg, Imprimerie St. Paul, Lëtzebuerg, 1946.
- Toland, John: Die Ardennenschlacht 1944 (Originaltitel: Battle: The Story of the Bulge) Alfred Scherz Verlag, Stuttgard,1960.
- MacDonald, Charles B.: The Battle of the Bulge, 1984, Weidenfeld and Nicholson, London.
- Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweitenweltkrieg, Luxemburg, 1948, 159 S.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Zweete Weltkrich
- Ardennenoffensiv
- Holocaust zu Lëtzebuerg
- Resistenz
- Zwangsrekrutéierten
- D'Wirtschaftsabotage zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich
- Nazi-Kollaboratioun
[Änneren] Um Spaweck
- Säit vum Cercle d'Etudes sur la Bataille des Ardennes
- Säit Histoprim iwwert Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich fir Schoulmeeschteren
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Muséen iwwert de Zweete Weltkrich
- Dokumentarfilm vum CNA: Heim ins Reich
- Säit vun der Regéirong, mat der Commemoratioun vun den déportéierten Juden
- Säit vum Dikrecher Nationalmusée iwwert d'Lëtzebuerger Militärgeschicht
- Säit vum Ettelbrécker Pattonmusée