Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions Lëscht Nobelpräis Physik - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lëscht Nobelpräis Physik

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Dës Lëscht Nobelpräis Physik ass en Deel vun de Referenztabellen.


Inhaltsverzeechnes

[Änneren] 1900

Joer Numm Sujet
1901 Wilhelm Conrad Röntgen (Däitschland) "als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht den hie geleescht huet duerch seng Entdeckung vun de Röntgestrahlen"
1902 Hendrik Antoon Lorentz (Holland) & Pieter Zeeman (Holland) " als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht de si geleescht hunn duerch hir Fuerschungen um Afloss vum Magnetismus op Strahlungsphänomener" (Zeeman Effet)
1903 Antoine Henri Becquerel (Frankräich) "als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht den hien geleescht huet duerch seng Entdeckung vun der spontaner Radioaktivitéit"
Pierre (Frankräich) & Marie Curie (Polen/Frankräich) "als Unerkennung fir déi aussergewéinlech Déngschter déi si geleescht hunn duerch hir Fuerschung un der Radioaktivitéit, déi si zesumme gemaach hunn."
1904 John William Strutt, Baron Rayleigh (England) "fir seng Ënnersichunge vun den Dichte vun de wichtegste Gasen a seng Entdeckung vum Argon"
1905 Philipp Eduard Anton von Lenard (Däitschland) "fir seng Aarbecht u Kathodestrahlen"
1906 Sir Joseph John Thomson (England) "als Unerkennung git déi grouss Verdéngschter vu sengen theoreteschen an experimentellen Ënnersichunge vum Leede vu Stoum an Gasen"
1907 Albert Abraham Michelson (Polen/USA) "fir seng optesch Präzisiounsinstrumenter an déi spektroskopesch a metrologesch Ënnersichungen déi mat hirer Hëllef duerchgefouert goufen"
1908 Gabriel Lippmann (Lëtzebuerg) "fir seng, um Phänome vun der Interferenz baséirend Method fir Fuerwe photographesch ze reproduzéieren"
1909 Guglielmo Marconi (Italien) & Karl Ferdinand Braun (Däitschland) "als Unerkennung fir hir Beitreeg zur Entwécklung vun der kabelloser Telegrafie"

[Änneren] 1910

Joer Numm Sujet
1910 Johannes Diderik van der Waals (Holland) "Fir seng Aarbecht un der Zoustandsgläichung vu Gasen a Flëssegkeeten" (van der Waals Kraaft)
1911 Wilhelm Wien (West Preussen, haut Polen) "fir seng Entdeckungen am Bezuch op d’Gesetzer vun der Hëtztstrahlung" (Wien Gesetz)
1912 Nils Gustaf Dalén (Schweden) "fir seng Erfindung vun automatesche Regulatoren déi zesumme mat Gas-Akkuën fir d’Beliichtung vu Liichttierm a Bojen benotzt ginn"
1913 Heike Kamerlingh-Onnes (Holland) "fir seng Ënnersichunge vun den Eegenschafte vun der Matière bei niddregen Temperaturen, déi, ënnert anerem, zur Produktioun vu flëssegem Helium gefouert hunn"
1914 Max von Laue (Däitschland) "fir seng Entdeckung vun der Streeung vu Röntgestrahlen un Kristaller"
1915 Sir William Henry Bragg (England) & William Lawrence Bragg (Australien) "fir hir Déngschter an der Analys vun der Kristallstruktur mat Hëllef vu Röntgestrahlung"
1916 (gouf keen Nobelpräis verginn)
1917 Charles Glover Barkla (England) "fir seng Entdeckung vun der charakteristëscher Röntgestrahlung vun den Elementer"
1918 Max Planck (Däitschland) "als Unerkennung fir déi Déngschter dei hien dem Fortschrëtt vun der Physik geleescht huet duerch seng Entdeckung vun den Energiequanten"
1919 Johannes Stark (Däitschland) "fir seng Entdeckung vum Doppler Effet a Kanalstrahlen, an dem Splécke vun den Spektrallinnen an elektresche Felder" (Stark Effet)

[Änneren] 1920

Joer Numm Sujet
1920 Charles Edouard Guillaume (Schwäiz/Frankräich) "als Unerkennung fir den Déngscht den hien de Präzisiounsmiessungen an der Physik geleescht huet duerch seng Entdeckung vun Anormalien an Nickel-Stol Ledéierungen"
1921 Albert Einstein (Däitschland) "fir seng Déngschter fir theoretesch Physik, a besonnesch fir seng Erklärung vum photoelektreschen Effet"
1922 Niels Henrik David Bohr (Dänemark) "fir seng Déngschter an der Ënnersichung vun der Sruktur vun Atomer an vun der Strahlung déi vun hinne fort geet"
1923 Robert Andrews Millikan (USA) "fir seng Aarbecht un der elementarer elektrescher Luedung an dem photoelektrëschen Effet"
1924 Karl Manne Georg Siegbahn (Schweden) "fir seng Entdeckungen an Fuerschung am Beräich vun der Röntgespektroskopie"
1925 James Franck (Däitschland) & Gustav Ludwig Hertz (Däitschland) "fir hir Entdeckung vun den Gesetzer déi den Impakt vun engem Elektron op engem Atom beschreiwen"
1926 Jean Baptiste Perrin (Frankräich) "fir seng Aarbecht un der diskontinuirlescher Struktur vun der Matière, a besonnesch fir seng Entdeckung vum Sedimentatiouns-Equilibrium"
1927 Arthur Holly Compton (USA) "fir seng Entdeckung vun deem no him benannten Effet" (Compton Effet)
Charles Thomson Rees Wilson (England) "fir seng Method fir Trajectoiren vun elektresch geluedenen Deelercher duerch Kondensatioun vun Damp sichtbar ze machen"
1928 Owen Willans Richardson (England) "fir seng Aarbecht um thermo-ionesche Phänomen, a besonnesch fir d’Entdeckung vum Gesetz dat no him benannt gouf"
1929 Prince Louis-Victor Pierre Raymond de Broglie (Frankräich) "fir seng Enteckung vun der Wellennatur vum Elektron"

[Änneren] 1930

Joer Numm Sujet
1930 Sir Chandrasekhara Venkata Raman (Indien) "fir seng Aarbecht un der Streeung vu Liicht, a fir d'Entdeckung vum no him benannten Effet"
1931 (gouf keen Nobelpräis verginn)
1932 Werner Karl Heisenberg (Däitschland) "fir d'Grënnung vun der Quantenmechanik, deren Uwendung, ënnert anerem, zu der Entdeckung vun allotropesche Forme vum Waasserstoff gefouert huet"
1933 Erwin Schrödinger (Eisträich) & Paul Adrien Maurice Dirac (England) "fir d'Entdeckung vun neie produktive Forme vun der Atomtheorie"
1934 (gouf keen Nobelpräis verginn)
1935 James Chadwick (England) "fir seng Entdeckung vum Neutron"
1936 Victor Franz Hess (Eisträich) "fir seng Entdeckung vu kosmescher Strahlung"
Carl David Anderson (USA) "fir seng Entdeckung vum Positron"
1937 Clinton Joseph Davisson (USA) & George Paget Thomson (England) "fir hir experimentell Entdeckung vun der Streeung vun Elektronen u Kristaller"
1938 Enrico Fermi (Italien) "fir säi Beweis vun der Existenz vun neie radioaktiven Elementer déi duerch Neutronebestrahlung entstane sinn, an fir seng domat verbonnen Entdeckung vun duerch lues Neutronen ausgeléisten nukleare Reaktiounen"
1939 Ernest Orlando Lawrence (USA) "fir d'Erfindung an Entwécklung vum Zyklotron an fir d'Resultater déi domat erzielt gi sinn, a besonnesch am Bezuch op kënschtlesch radioaktiv Elementer"

[Änneren] 1940

Joer Numm Sujet
1940 (gouf keen Nobelpräis verginn)
1941
1942
1943 Otto Stern (Däitschland) "fir säi Bäitrag zur Entwécklung vun der Molekularstrahl Method a senger Entdeckung vum magnéitesche Moment vum Proton"
1944 Isidor Isaac Rabi (Galicia, haut Polen) "fir seng Method mat Resonanz magnéitesch Eegenschafte vun Atomkären ze mossen"
1945 Wolfgang Pauli (Eisträich) "fir d'Entdeckung vum Ausschléissungsprinzip, deen och Pauli-Prinzip genannt gëtt"
1946 Percy Williams Bridgman (USA) "fir d'Erfindung vun engem Apparat fir extrem héijen Drock ze produzéieren, a fir seng Entdeckungen déi hien am Beräich vun der Physik vum héijen Drock gemaach huet"
1947 Sir Edward Victor Appleton (England) "fir seng Ënnersichunge vun der Physik vun der ieweschter Atmosphär, an besonnesch fir d'Entdeckung vun der sougenannter Appleton-Schicht"
1948 Patrick Maynard Stuart Blackett (England) "fir seng Entwécklung vun der Wilson Damp Kummer a seng Entdeckungen am Beräich vun der Nuklearphysik vu kosmescher Strahlung"
1949 Hideki Yukawa (Japan) "fir seng, op senger theoretescher Aarbecht vun nukleare Kräfte baséirend Virausso vun der Existenz vun Mesonen"

[Änneren] 1950

Joer Numm Sujet
1950 Cecil Frank Powell (England) "fir seng Entwécklung vun der photografescher Method fir nuklear Prozesser ze studéieren a seng, mat dëser Method gemaachen Entdeckungen am Bezuch op Mesonen"
1951 Sir John Douglas Cockcroft (England) & Ernest Thomas Sinton Walton (Irland) "fir hir Pionieraarbecht un der Transmutatioun vun Atomkären duerch kënschtlesch beschleunegt atomar Deelecher"
1952 Felix Bloch (Schwäiz/USA) & Edward Mills Purcell (USA) "fir hir Entwécklung vun neie Methoden fir nuklear magnéitesch Präzisiounsmiessungen an déi domat verbonnen Entdeckungen"
1953 Frits (Frederik) Zernike (Holland) "fir säi Beweis vun der Phasenkontrast Method, a besonnesch fir seng Erfindung vum Phasenkontrast Mikroskop"
1954 Max Born (Polen) "fir seng fundamental Fuerschung an der Quantenmechanik, a besonnesch fir seng statistesch Interpretatioun vun der Wellefunktioun"
Walther Bothe (Däitschland) "fir d'Koinzidenzmethod and seng Entdeckungen dei hien domat gemaach huet"
1955 Willis Eugene Lamb (USA) "fir seng Entdeckunge wat d'Feinstruktur vum Waasserstoff Spektrum ugeet" (Lamb shift)
Polykarp Kusch (Däitschland/USA) "fir seng prezis Bestëmmung vum magnéitesche Moment vum Elektron"
1956 William Bradford Shockley (England/USA) & John Bardeen (USA) & Walter Houser Brattain (USA) "fir hir Fuerschungen un Hallefleederen an hir Entdeckung vum Transistoreffet"
1957 Chen Ning Yang (China/USA) & Tsung-Dao Lee (China/USA) "fir hir déifgrënneg Ënnersichunge vun de sougenannte Paritéitsgesetzer, wat zu wichtegen Entdeckungen am Bezuch op elementar Deelecher gefouert huet"
1958 Pavel Alekseyevich Cherenkov (Sovjetësch Unioun) & Il'ia Frank (Sovjetësch Unioun), & Igor Yevgenyevich Tamm (Sovjetësch Unioun) "fir d'Entdeckung an d'Interpretatioun vum Cherenkov-Vavilov Effet"
1959 Emilio Gino Segre (USA) & Owen Chamberlain (USA) "fir hir Entdeckung vum Antiproton"

[Änneren] 1960

Joer Numm Sujet
1960 Donald Arthur Glaser (USA) "fir d'Erfindung vun der Bullekummer"
1961 Robert Hofstadter (USA) "fir seng pionéierlesch Ënnersichunge vun der Streeung vun Elektronen an Atomkären, an déi dobäi erreeschten Entdeckungen am Bezuch op d'Struktur vun den Nukleonen"
Rudolf Ludwig Mössbauer (Däitschland) "fir seng Fuerschungen un der Resonanz Absorptioun vu Gamma Strahlung a seng domat verbonnen Entdeckung vum Effet de säin Numm dréit" (Mössbauer Effet)
1962 Lev Davidovich Landau (Sovjetësch Unioun) "fir seng pionéierlesch Theorie fir kondenséiert Matière, besonnesch flëssegen Helium"
1963 Eugene Paul Wigner (Ungarn) "fir seng Bäiträg zu der Theorie vun Atomkären an elementaren Deelercher, besonnesch duerch d'Entdeckung an d'Uwendung vu fundamentale Symmetrie Prinziper"
Maria Goeppert-Mayer (Katowice, haut Polen) & J. Hans D. Jensen (Däitschland) "fir hir Entdeckunge wat d'nuklear Schuelestruktur ugeet"
1964 Charles Hard Townes (USA) & Nicolay Gennadiyevich Basov (Sovjetësch Unioun) & Aleksandr Prokhorov (Australien/Sovjetësch Unioun) "fir fundamental Aarbecht am Domän vun der Quantenelektronik, déi zur, um Prinzip vum Maser-Laser baséirend, Konstruktioun vun Oszillatoren a Verstärkere gefouert huet"
1965 Sin-Itiro Tomonaga (Japan) & Julian Schwinger (USA) & Richard Phillips Feynman (USA) "fir hir fundamental Aarbecht an der Quantenelektrodynamik, mat déifgrënnege Konsequenze fir d'Physik vun den elementaren Deelercher"
1966 Alfred Kastler (Guebwiller, deemools Däitschland, haut Frankräich) "fir d'Entdeckung an d'Entwécklung vun optesche Methoden fir Hertz Resonanzen an Atomer ze studéieren"
1967 Hans Albrecht Bethe (Strasbourg, deemools Däitschland, haut Frankräich) "fir seng Bäiträg zu der Theorie vun nukleare Reaktiounen, a besonnesch seng Entdeckungen am Bezuch op d'Energieproduktioun an de Stären"
1968 Luis Walter Alvarez (USA) "fir seng entscheedend Bäiträg zu der Physik vun den elementaren Deelercher, a besonnesch d'Entdeckung vun enger grousser Zuel vun Resonanz Zoustänn, erméiglescht duerch seng Weiderentwécklung vun der Technik fir Waasserstoff Bullenkummeren ze benotzen an der Datenanalys"
1969 Murray Gell-Mann (USA) "fir seng Bäiträg an Entdeckunge wat d'Klassifikatioun vun den elementaren Deelercher an hiren Interaktiounen ugeet"

[Änneren] 1970

Joer Numm Sujet
1970 Hannes Olof Gösta Alfvén (Schweden) "fir fundamental Aarbecht an Entdeckungen an der Magnéit-Hydrodynamik, mat fruchtbaren Uwendungen an verschiddene Beräicher vun der Plasmaphysik"
Louis Eugene Félix Néel (Frankräich) "fir fundamental Aarbecht an Entdeckungen am Bezuch op Antiferromagnéiten an Ferrimagnéiten, déi zu wichtegen Uwendungen an der Festkierperphysik gefouert hunn"
1971 Dennis Gabor (Ungarn) "fir seng Entdeckung an Entwécklung vun der holografescher Method"
1972 John Bardeen (USA) & Leon Neil Cooper (USA) & John Robert Schrieffer (USA) "fir hir zesummen entwéckelt Theorie vun der Superleedung, och dacks BCS-Theorie genannt"
1973 Leo Esaki (Japan/USA) & Ivar Giaever (Norwegen) "fir hir experimentell Entdeckungen am Bezuch op Tunnel Phänomener an Hallef- an Superleederen"
Brian David Josephson (England) "fir seng theoretesch Virausso vun den Eegenschafte vun engem Superstroum duerch eng Tunnel Barrière, an besonnesch déi Phänomener dei allgeméng als Josephson Effet bekannt sinn"
1974 Allebéid "fir hir pionéierlesch Fuerschung an der Radio Astrophysik"
Sir Martin Ryle (England) "fir seng Oberservatiounen an Erfindungen, besonnesch vun der Ëffnungs Synthesen Technik"
Antony Hewish (England) "fir seng entscheedend Roll an der Entdeckung vun Pulsaren"
1975 Aage Niels Bohr (Dänemark) & Ben Roy Mottelson (USA) & Leo James Rainwater (USA) "fir d'Entdeckung vun der Verbindung tëschent kollektiver Beweegung an Partikelbeweegung an Atomkären, an d'Entwécklung vun der Theorie vun der Struktur vum Atomkär, déi op dëser Verbindung berout"
1976 Burton Richter (USA) & Samuel Chao Chung Ting (USA) "fir hir pionéierlesch Aarbecht an der Entdeckung vun engem neie schwéieren Deelchen" (J Deelchen)
1977 Philip Warren Anderson (USA) & Sir Nevill Francis Mott (England) & John Hasbrouck van Vleck (USA) "fir hir fundamental theoretesch Ënnersichunge vun der elektronescher Struktur vu magnéiteschen an ongeuerdnete Systemer"
1978 Pyotr Leonidovich Kapitsa (Russland) "fir seng fundamental Erfindungen an Entdeckungen am Beräich vun der Physik vun den niddregen Temperaturen"
Arno Allan Penzias (Däitschland/USA) & Robert Woodrow Wilson (USA) "fir hir Entdeckung vun der kosmescher Mikrowellen Hannergrond Strahlung"
1979 Sheldon Lee Glashow (USA) & Abdus Salam (Pakistan) & Steven Weinberg (USA) "fir hir Bäiträg zu der Theorie vun den vereenegte schwaachen an elektromagnéiteschen Interaktiounen tëscht elementaren Deelercher, an och, ënnert anerem, hir Virausso vun de schwaachen neutrale Stréim"

[Änneren] 1980

Joer Numm Sujet
1980 James Watson Cronin (USA) & Val Logsdon Fitch (USA) "fir d'Entdeckung vun der Violatioun vun fundamentale Symmetrie Prinziper am Zerfall vum neutralen K-Meson"
1981 Nicolaas Bloembergen (Holland) & Arthur Leonard Schawlow (USA) "fir hire Bäitrag zu der Entwécklung vun der Laser Spektroskopie"
Kai Manne Börje Siegbahn (Schweden) "fir säi Bäitrag zu der Entécklung vun der Héig-Opléisungs Elektronen Spektroskopie"
1982 Kenneth G. Wilson (USA) "fir seng Theorie vu kritesche Phänomener a Verbindung mat Phasen Iwwergäng"
1983 Subrahmanyan Chandrasekhar (Indien) "fir seng theoretesch Studie vun den physikalesche Prozesser, déi vu Wichtegkeet an der Struktur an Evolutioun vun Stäre sinn" (Chandrasekhar Limit)
William Alfred Fowler (USA) "fir seng theoretesch an experimentell Studie vun den nukleare Reaktiounen, déi vun Wichtegkeet an der Entstéiung vu chemeschen Elementer am Universum sinn"
1984 Carlo Rubbia (Italien) & Simon van der Meer (Holland) "fir hir entscheedend Bäiträg zum grousse Projee, deen zu der Entdeckung vun de W an Z Deelercher gefouert huet, déi Felder déi d'schwaach Interaktioun vermëttelen"
1985 Klaus von Klitzing (Polen/Däitschland) "fir d'Entdeckung vum Quanten Hall Effet"
1986 Ernst Ruska (Däitschland) "fir seng fundamental Aarbecht an der Elektronen Optik a fir den Entworf vum eischten Elektronenmikroskop"
Gerd Binnig (Däitschland) & Heinrich Rohrer(Schwäiz) "fir hiren Entworf vum Rastertunnelmikroskop"
1987 Johannes Georg Bednorz (Däitschland) & Karl Alexander Müller (Schwäiz) "fir hire wichtegen Duerchbroch duerch d'Entdeckung vun Superleedung an Keramik Materialien"
1988 Leon Max Lederman (USA) & Melvin Schwartz (USA) & Jack Steinberger (Däitschland/USA) "fir d'Neutrinostrahl Method an dem Noweis vum Muon Neutrino"
1989 Norman Foster Ramsey (USA) "fir d'Entdeckung vun der separated oscillatory fields Method an hir Benotzung an Atomaurën"
Hans Georg Dehmelt (Däitschland/USA) & Wolfgang Paul (Däitschland) "fir d'Entwécklung vun der Ione Fall Technik"

[Änneren] 1990

Joer Numm Sujet
1990 Jerome Isaac Friedman (USA) & Henry Way Kendall (USA) & Richard Edward Taylor (Kanada/USA) "fir hir pionéierlesch Investigatiounen am Bezuch op déif inelastesch Streeung vun Elektronen u Protonen an gebonnenen Neutronen, déi vun enormer Wichtegkeet fir d'Entwécklung vum Quark Modell an der Deelchephysik waren"
1991 Pierre-Gilles de Gennes (Frankräich) "fir d'Entdeckung datt Methoden, déi fir d'Studéiere vun Ordnungsphänomener an einfache Systemer entwéckelt goufen, och kënne fir méi komplex Forme vun Matière verallgemengert ginn, an besonnesch fir flësseg Kristaller an Polymeren"
1992 Georges Charpak (Frankräich) "fir seng Erfindung an Entwécklung vun Detektoren an der Deelchephysik, a besonnesch d'Villkabel-Proportionalkummer"
1993 Russell Alan Hulse (USA) & Joseph Hooton Taylor Jr. (USA) "fir d'Entdeckung vun engem neien Typ vun Pulsar, eng Entdeckung déi nei Weeër an der Gravitatiounsfuerschung erméiglecht huet"
1994 Allebéid "fir pionéierlesch Bäiträg zu der Entwécklung vun Neutronen Streeungstechniken fir kondenséiert Matière ze studéieren"
Bertram Neville Brockhouse (Canada) "fir d'Entwécklung vun der Neutronen Spektroskopie"
Clifford Glenwood Shull (USA) "fir d'Entwécklung vun der Neutronen Streeungstechnik"
1995 Allebéid "fir pionéierlesch experimentell Bäiträg zu der Leptonenphysik"
Martin Lewis Perl (USA) "fir d'Entdeckung vum Tau Lepton"
Frederick Reines (USA) "fir d'Entdeckung vum Neutrino"
1996 David Morris Lee (USA) & Douglas Dean Osheroff (USA) & Robert Coleman Richardson (USA) "fir hir Entdeckung vun der Superfluiditéit am Helium-3"
1997 Steven Chu(USA) & Claude Cohen-Tannoudji (Frankräich) & William Daniel Phillips (USA) "fir d'Entwécklung vu Methoden fir Atomer mat Laser Luucht ofzekillen an anzefänken"
1998 Robert B. Laughlin (USA) & Horst Ludwig Störmer (Däitschland) & Daniel Chee Tsui (China/USA) "fir hir Entdeckung vun enger neier Form vu Quantefluid mat fraktionnell geluedenen Excitatiounen" (Fraktionellen Quanten Hall Effet)
1999 Gerardus 't Hooft (Holland) & Martinus J.G. Veltman (Holland) "fir d'Opklärung vun der Quantenstruktur vun den elektroschwaachen Interaktiounen an der Physik"

[Änneren] 2000

Joer Numm Sujet
2000
Zhores Ivanovich Alferov (Sovietësch Unioun) & Herbert Kroemer (USA) "fir d'Entwécklung vun hallefleedenden Heterostrukturen déi an der Héig-Geschwindëgkeets- an Optoelektronik benotzt ginn"
Jack St. Clair Kilby (USA) "fir säin Deel un der Entdeckung vum integréierten Schaltkrees"
2001 Eric Allin Cornell (USA) & Wolfgang Ketterle (Däitschland) & Carl Edwin Wieman (USA) "fir d'Réalisatioun vum Bose-Einstein Kondensat an verdënnte Gase vun Alkali Atomer, a fir fréi fundamental Studie vun den Eegenschafte vum Kondensat"
2002 Raymond Davis Jr. (USA) & Masatoshi Koshiba (Japan) "fir pionéierlesch Bäiträg zu der Astrophysik, an besonnesch fir den Noweis vun kosmeschen Neutrinoën"
Riccardo Giacconi (Italien/USA) "fir pionéierlesch Bäiträg zu der Astrophysik, déi zur Entdeckung vun kosmesche Röntgenstrahlequellen gefouert hunn "
2003 Alexei Alexeevich Abrikosov (Sovietësch Unioun) & Vitaly Lazarevich Ginzburg (Sovietësch Unioun) & Anthony James Leggett (England) "fir pionéierlesch Bäiträg zu der Theorie vun Superleederen an Superfluiden"
2004 David J. Gross (USA/Israel) & H. David Politzer (USA) & Frank Wilczek (USA) "fir d'Entdeckung vun der asymptotescher Fräiheet an der Theorie vun der staarker Interaktioun"
2005 Roy J. Glauber (USA) "fir säi Bäitrag zu der Quantentheorie vun optescher Kohärenz"
John L. Hall (USA) & Theodor W. Hänsch (Däitschland) "fir hir Bäiträg zu der Entwécklung vun, op Laser baséierend, Präzisiouns Spektroskopie; déi optesch Frequenzkamm Technik abegraff"
2006 John C. Mather (USA) & George F. Smoot (USA) "fir hir Ënnersichung vun der kosmescher Hannergrondstrahlung"

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu