Krüger-Nationalpark
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Krüger-Nationalpark oder Krügerpark (engl.: Kruger National Park) läit am Nordoste vu Südafrika an de Provënzen Mpumalanga an Limpopo. En erstreckt sech vum Krokodilfloss am Süde bis zum Limpopo, dem Grenzfloss am Mosambik, am Norden. En ass ronn 350 km laang, 60 km breet a bedeckt eng Fläch vu ronn 20.000 km². Domat ass de Krügerpark de gréisste Nationalpark vu Südafrika. Am Park ginn et 147 Mamendéierenaarten, eng 500 Vullenaarten an 114 Reptillaarten.
De Krügerpark ka mat engem Privatauto iewer och mat engem Klengbus mat Guide besicht ginn. Besonnesch Moies an aller Fréi sinn d'Chance grouss, fir op enger Foto-Safari vill wëll Déieren kënnen ze knipsen. Ënnerkonft fënnt een an de verschiddene Campen vum Krügerpark. Ausser dem Krügerpark ginn et an der Noperschaft och eng Rei méi kleng Privatparke mat wëllen Déieren.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschichte
De Nationalpark gouf 1898 vum Präsident Paul Kruger gegrënnt, a krut 1961 en Zonk ronderëm, fir esou d'Wëldness ze protegéieren. Haut stellt en dat gréisste zesummenhänkend Schutzgebitt fir wëll Déieren an Afrika duer.
Zënter 2000 gëtt de Park no Mosambik a Simbabwe hi vergréissert. Stroosse féieren duerch de Krüger-Nationalpark.