Kommunikatiounsprotokoll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ee Kommunikatiounsprotokoll oder Netzwierkprotokoll ass eng Sammelung vu streng festgeluechte Regelen a Virschrëften, no deenen Daten an engem Netzwierk ausgetosch ginn.
Bei der Kommunikatioun musse sech d'Parteien, déi kommunizéiere wëllen, zum Austausch vun Informatioun op eng Sprooch a Verhalensregelen eenegen. Dës Verhalensregele ginn allgemeng als Protokoll bezeechent. Si leeën d'Dateformat vun der Noriicht fest, déi ausgetosch soll ginn a spezifizéieren all d'Aktiounen, déi noutwenneg sinn, fir datt eng Noriicht iwwerdroe ka ginn.
Amplaz rieseg a komplex Protokollen ze schreiwen, déi d'ganz Aufgab vun der Kommunikatioun iwwerhuele sollen a gär feelerufälleg sinn, huet een dat ganz Kommunikatiounsproblem an e Koup kleng Problemer opgedeelt, déi all een Deel vun der Kommunikatioun léisen. Dobäi gräifen déi eenzel Protokoller alleguer reiwungslos an eneen iwwer a schaffen zesummen. Aus deem Grond schwätzt een och dacks vun enger Protokollfamill.
Je no hirer Aufgab leien déi eenzel Protokoller vun dëser Protokollfamill a verschiddene Schichte vun engem Schichtemodell, wéi dem ISO/OSI-Referenzmodell oder dem TCP/IP-Protokollstapel vir.