Kierch Péiteng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch vu Péiteng | |
Uertschaft | Péiteng |
Par | Péiteng |
Numm | Hl. Hubertus (lëtz.: Haupert) |
Konsekratiounsjoer | 1870 (1921) |
Parverband | Péiteng |
Architekt(en) | A. Hartmann |
Reliéis Gebaier |
D'Kierch Saint Hubert ass d'Péitenger Parkierch. Si huet den Hl. Hubertus als Patréiner. Si ass am historistesche Stil gebaut ginn no de Pläng vum Distriktsingenieur A. Hartmann (1865).
[Änneren] Geschicht
- Zënter 1140 besteet eng Kapell zu Péiteng
- 1865 ginn d'Pläng entworf vum Distriktsingenieur A. Hartmann.
- Den 13. Mäerz 1866 goufen d'Aarbechten un déi bëllegst Submittenten, Jacques Bodson, Bauer zu Nidderkuer, a Jos. Logelin, Steemetzermeeschter zu Déifferdeng, verginn.
- 1869 war déi nei Kierch fäerdeg a konnt 1870 ageseent ginn. Deemools hunn 348 Leit an deene 74 Haiser zu Péiteng gewunnt.
- 1884 gouf den Altor geliwwert, eng Aarbecht vum Schräiner J. Peters.
- 1887 gouf den Duxall opgeriicht.
- 1890 sinn de Sakristeischaf an déi zwéi Säitenaltär ugeschaaft ginn.
- De Priedegtstull gouf 1900 vum Konschtschräiner Schmit vu Rolleng ubruecht.
- 1902 kritt d'Kierch 3 nei Klacken.
- 1915 beschléisst de Gemengerot eng Vergréisserung vun der Kierch.
- 1916: Den Entrepreneur Podesta rappt de Chouer of. De 7. Mee gouf de Grondsteen vum Neibau geluecht a vum Dechen Pierre Nommesch vu Beetebuerg geseent.
- 1917 konnt den Neibau ofgeschloss ginn.
- 1967 gëtt den Duxall vu 60 op 90 Quadratmeter vergréissert.
- 1971 bis 1975: Grouss Restauratioun vun der Kierch mat Upassung un d'Exigenze vun der Liturgiereform, no de Pläng vum Armand Welter.
[Änneren] Kuckeswäert
Den Altor, dee vum Sculpteur Moritz Ney, engem Péitenger Jong, aus Stee geha ginn ass.