Kierch Lëtzebuerg-Gaasperech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch Lëtzebuerg-Gaasperech | |
kee Bild do | |
Uertschaft | Stad Lëtzebuerg (Gaasperech) |
Par | Lëtzebuerg-Gaasperech |
Numm | Hl. Theresia vu Lisieux |
Konsekratiounsjoer | 1966 (27. November) |
Parverband | Gaasperech, Hollerech, Léideleng |
Architekt(en) | Jean Mackel |
Reliéis Gebaier |
De Grondsteen fir d'Gaasperecher Kierch gouf am Mee 1932 geluecht a schonns e Joer drop konnt eng éischt Mass do gehale ginn. D'Pläng ware vum Architekt Jean Mackel; et ass eng vun den éischte Kierchen zu Lëtzebuerg déi net méi historistesch ass, mee déi als modern ka bezeechent ginn. 1966 gouf d'Kierch ënnert der Leedung vum Architekt Edouard Reuter den Ufuerderunge vun der Liturgiereform ugepasst an definitiv färdeggestallt an esou gouf se dann de 27. November 1966 vum Bëschof Léon Lommel geweit.
[Änneren] Literatur
- Ons Stad N°31, 1989, S. 24, Michel Schmitt, Gasperich: Junge Pfarrei in altem Pfarrbezirk