Kierch Léiler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kierch vu Léiler | |
Uertschaft | Léiler |
Par | Léiler |
Numm | Hellegt-Kräiz |
Konsekratiounsjoer | 1956 |
Parverband | Parverband Klierf |
'Architekt(en) | ' |
Reliéis Gebaier |
D'Kierch vu Léiler gehéiert zu der Pastoralregioun Norden, dem Dekanat Klierf an zu der Gemeng Hengescht. Administratuer ass de Joseph Roemen, deen zu Klierf am Klatzewee op der Nummer 9 wunnt.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] D'Par
Eng eegestänneg Par gouf Léiler den 30. September 1807 duerch en Dekret vum franséische Keeser Napoléon Bonaparte. Zu deeër Zäit huet Léiler zum Département des Forêts gehéiert, an et war mat den Nopeschuertschafte am Dekanat Klierf, dat en Deel vun der Diëzees Metz.
Nom Wiener Kongress gouf dat "neit" Groussherzogtum kierchenhierarchesch un d'Diëzees Namouer ugehaangen, a Léiler mat.
[Änneren] D'Gebai
Amplaz vun engem Tuerm weisst d'Léiler Kierch en erhéijte Chouerbau mat engem géie Walmdaach an deem d'Glacken ënnerbruecht sinn op. Wéinst hirem Kierchechouer, deen op d'14. Joerhonnert datéiert gëtt, däerf d'Kierch als eng fir d'Ardennelandschaft typesch Kierch mat Chouertuerm agegliddert ginn. Dat häitegt Kiercheschëff ass tëscht 1849 an 1850 nei gebaut ginn, nodeems dat aalt, dat am Joer 1770 schonns emol vergréissert gouf, no 80 Joer ze kleng a baufälleg war. Hirt häitegt Ausgesi verdankt d'Kierch enger nom Zweete Weltkrich an de Joren 1953/1954 duerchgefouerter Renovéierung. D'Haaptinteresse bei dëser Renovéierung war de mëttelalterleche Chouer bei deem d'Freske fräigeluecht a restauréiert goufen. Säitlech vum Chouer gouf eng Saktristei bäigebaut. Den 8. September 1956 ass d'Kierch op den Titel Helleg-Kräiz-Kapell konsekréiert ginn, ier se den 31. Juli 1968 ënner staatlechen Denkmalschutz gesat gouf. Um Kierfecht ronderëm d'Kierch stinn eng Rei vun alen a Schifersteng gemeeselt Grafsteng.
[Änneren] Referenzen
- Brochure: L'Eglise Sainte-Croix Lieler. Schnell & Steiner Verlag, 2000.