Kierch Béiwen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch vu Béiwen | |
Uertschaft | Béiwen |
Par | Béiwen |
Numm | Hl. Märtens |
'Konsekratiounsjoer | ' |
Parverband | Bauschelt-Stauséi-Wanseler |
'Architekt(en) | ' |
Reliéis Gebaier |
D' Parkierch vu Béiwen (Bavigne), déi dem Hellege Martin geweit ass, steet zënter 1961 ënner Denkmalschutz "monument national".
Den Tuerm geet bis an d' Mëttelalter zréck an d' Kiercheschëff an den Altor op 1741. D'Gebai selwer gouf 1744 opgeriicht.
Um Kierfecht ronderëm d'Kierch si wäertvoll Grafkräizer aus Lee ze fannen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Den Numm
Den offiziellen Numm ass: Église paroissiale Saint-Martin.
[Änneren] Den Altor
Den Altor gouf 1741 vum bekannte Wolzer Schräiner a Skulpteur Nicolas Jacques geschnëtzt. De Grondrëss vum Altor ass en Oval. No uwe schléisst den Altor mat engem Baldachin of, deen op Saile steet. D'Konscht vum Nicolas Jacques kënnt richteg zu Droe mat de Rocaille-Blatdekoratiounen an den Dunnen.
1743 hëlt den Nicolas Jacques deeselwechten Opbau fir d'Kierch vu Wolz.
[Änneren] D'Uergel
Dem Veräin Uergelfrënn Béiwenasbl. ass ze verdanken, datt d'Kierch, déi jorelaang nëmmen en Harmonium hat, am August 2006 eng nei Päifenuergel vun der Manufacture d'orgues luxembourgeoise Georg Westenfelder opgeriicht krut. Nodeems d'Uergelfrënn, déi den 1. Juni 2003 gegrënnt goufen, bei der Commission de Surveillance des Bâtiments Religieux en Avis gefrot haten, koum et den 21. Oktober 2005 zu enger Visite, déi zu engem positiven Avis gefouert huet.
[Änneren] D'Fënsteren
D'Fënstere vun 1952 si vum Gustave Zanter.
[Änneren] De Kräizwee
D'Kräizwee-Statioune vu 1960 si vum Emile Hulten