Kettenuewen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kettenuewen (fr.: Cattenom; dt.: Kattenhofen) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng vun 2.376 Awunner (Mäerz 2006), déi am Departement Moselle läit, un der Musel, ongeféier 8 km nërdlech vun der Stad Diddenuewen.
Kettenuewen ass besonnesch bekannt wéinst sengem Atomkraaftwierk mat véier Reakterë vun 1.300 MW, déi tëschent 1986 an 1991 a Betrib goungen. Wann all véier Reakteren um Netz sinn, da liwwere se ronn 8% vun der elektrescher Energie vu Frankräich. Lëtzebuergesch Biergerinitiativen hatë sech eng Rei Jore virdrun erfollegräich géint eng Atomzentral zu Remerschen am eegene Land gewiert, mee wéi de franséische Staat de Bau vun esou enger Zentral quasi virun der Hausdier vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung annoncéiert huet, ware schlussendlech all d'Protester ëmsoss.
Kettenuewen huet viraals zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert an ass 1659 duerch den Traité vun de Pyrenäen u Frankräich gaangen. Mee nach haut gëtt vun der eelerer a vereenzelt och nach vun der jonker Bevëlkerung e muselfränkeschen Dialekt geschwat (de Platt), deen dem Lëtzebuergesche ganz no kënnt.