Kapellen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Opgepasst: Hei geet et ëm déi lëtzebuergesch Uertschaft Kapellen. Fir déi belsch Gemeng Kapellen, kuckt w.e.g. Kapellen (Belsch).
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Capellen de: Kapellen |
|||
Gemeng | Mamer | |||
Buergermeeschter | Gilles Roth (CSV) | |||
Kanton | Kapellen | |||
Awunner | 1.333 | |||
Fläch | ha | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Kap/Kapellen ass eng Uertschaft an der Gemeng Mamer. Duerch d’Uertschaft Kapellen féiert niewen der Nationalstrooss (N6), och "Arelerstrooss" genannt, déi d’ Stad Lëtzebuerg mat Arel (Belsch) verbënnt och déi international Zuchlinn Lëtzebuerg – Bréissel (Belsch). Duerch Kapellen huet och eng wichteg Réimerstrooss (rue du Kiem) gefouert, déi eelste Strooss aus der Uertschaft ass.
D’NAMSA (NATO Maintenance and Supply Agency), e logistesche Stëtzpunkt vun der NATO, besteet zënter 1958 mat Sëtz zu Kapellen.
[Änneren] Geographie
nërdlech: 49°38' 40 " ëstlech: 5° 59' 3 "
[Änneren] Geschicht
- 1841: Kapellen gëtt zum Haaptuert vum Kanton bestëmmt
- 1842: E Friddensgeriicht gouf eriicht
- 1849: Déi éischt Schoul gouf gebaut
- 1850: Deen éischte Postbüro ass entstanen
- 1864: D'Uertschaft Kapellen huet 12 Heiser a 70 Awunner a Kap 19 Heiser an 129 Awunner
D'Gendarmerie gët vu Stengefort op Kapellen transféréiert
- 1927: D'Gendarmerie-Kasär gouf gebaut
- 1987: Eng nei Gendarmerie Brigade ass ageweiht gin
[Änneren] Kuckeswäertes
An Zesummenaarbecht mam Musée national d'histoire naturelle du Luxembourg hunn d’ Georges-Kayser-Altertumsfuerscher am Juni 2002 an der Zone Industrielle "Paafebruch" zu Kapellen bei archäologeschen Ausgruewungen en Zillenuewen aus der gallo-réimescher Zäit entdeckt. De Lëtzebuerger Staat huet décidéiert, dësen Uewen z'erhaalen an de "Service des Sites et Monuments Nationaux" mat der Aufgab chargéiert, dei néideg Initiative fir de réimeschen Zillenuewen op eng aner Plaz ze transféréieren, an d’Weeër ze leeden. Zënter dem 5 Abrëll 2003 kann een dëst réimescht Bauwierk am Parc vun der "Maison Risch" zu Kapellen bewonneren.