Kapell Duelem (Garnech)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kapell vun Duelem (Garnech) | |
Uertschaft | Duelem |
Par | Garnech |
Numm | Hl. Remi |
Konsekratiounsjoer | 1803 (13. Okt.) |
Parverband | Nidderkäerjeng, Kënzeg, Féngeg, Garnech, Uewerkäerjeng, Koler |
'Architekt(en) | ' |
Reliéis Gebaier |
D' Kapell vun Duelem steet am ieweschten Deel vun Duelem. Ronderem d'Kapell war den ale Kierfecht, an ëm dat Ganzt steet eng héich Mauer.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Nodeems e Feier déi al Kapell vun Duelem zerstéiert hat, gouf no 1790 eng nei gebaut, déi den 13. Oktober 1803 ageseent gouf.
[Änneren] Kapell vu Bannen
Bannenann steet e barocken Héichaltor aus der Mëtt vum 18. Joerhonnert deen aus dem Schlass vun Iewerleng staamt.
Den Altor an d'Kapell goufe vun 2000-2005 renovéiert. Du koumen och en neien Altor an en neien Ambo aus Glas, déi vum Adolphe Deville entworf goufen, an d'Kapell stoen.
[Änneren] Literatur
- Lëtzebuerger Wort (12. Oktober 2005) S.18: Renovierte St. Remigius-Kapelle wird eingeweiht.