Josy Barthel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Josy Barthel war e lëtzebuergesche Liichtathlet a Politiker.
Gebuer gouf de Josy Barthel de 24. Abrëll 1927 zu Mamer a Chruetgësch an der Kuesgässel als Jong vum Eisebunner Nicolas Barthel a senger Fra, der Anna Urbing.
Hie wiisst an engem modeste Milieu op a seng Talenter als Leefer gi während dem Zweete Weltkrich entdeckt.
Déi bedeitenst Victoire, déi de Josy Barthel am Laf vu senger sportlecher Carrière feiere kann, ass d'Goldmedail bei den Olympesche Spiller zu Helsinki a Finnland, de 26. Juli 1952 am 1500 Meter-Laf an 3'45"20 virun dem Amerikaner Bob McMillen an dem Däitsche Werner Lueg. Deen zweeten a bis ewell leschte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner kritt seng Medail vum deemolegen Ierfgroussherzog Jean iwwereecht.
Seng lescht 1500 m Course leeft hien den 29. November 1956 op den olympesche Spiller vu Melbourne.
De Josy Barthel ass President vun der Fédération Luxembourgeoise d'Athlétisme vun 1962 bis 1972 a President vum Comité Olympique National vun 1972 bis 1977.
Berufflech fänkt hien 1951 un, als Diplomchemiker am Staatslaboratoire ze schaffen, an no senger Victoire zu Helsinki studéiert hien op der Universitéit zu Harvard dat deemools nach neit Fach Ëmweltschutz. Am September 1977 gëtt hie Minister an der Regierung Thorn-Berg, a bleift dat och an de Regierunge Werner-Thorn a Werner-Flesch vun 1979 bis 1984. Dono ass hie weiderhi fir d'DP Deputéierten an der Chamber, an och Member vum Staadter Gemengerot.
De Josy Barthel huet sech den 2. Oktober 1952 mam Fernande Senninger vu Bartreng bestuet, an d'Koppel krut zwee Meedercher, d'Lilibeth (*1955) an d'Danielle (*1956). Hie stierft de 7. Juli 1992 an der Stad Lëtzebuerg.
De Stadion op der Areler Strooss an den neie Lycée Technique Josy Barthel zu Mamer sinn no him benannt.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Palmarès
- 1946 - 1956 11 mol lëtzebuergesche Landesmeeschter
- 1947 Goldmedail op der Militärweltmeeschterschaft zu Berlin, (800 m)
- 1948 Goldmedail op der Militärweltmeeschterschaft zu Bréissel am 1500 an 800 m
- 1948 9. an der Finale op den olympesche Spiller vu London
- 1949 1. op der Studenteweltmeeschterschaft am 1500 m
- 1951 1. op der Studenteweltmeeschterschaft am 800 a 1500 m
- 1952 Goldmedaille op den olympesche Spiller vun Helsinki am 1.500 Meter-Laf
- 1956 10. an der Serie (fir d'Finale eliminéiert) op den olympesche Spiller vu Melbourne
[Änneren] Literatur zum Thema
Gast Zangerlé: Josy Barthel (la fameuse histoire d'une consécration olympique). Luxembourg: Éditions Saint-Paul, 1992. ISBN 2-87963-135-1
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Politiker
- Michel Théato, deen éischte Lëtzebuerger Goldmedailegewënner