Joseph Lorenzo Philippe
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Joseph Lorenzo Philippe (*28. Mee 1877; †21. Oktober 1956) war Bëschof vu Lëtzebuerg.
Den 28. Mee 1904 gëtt de Joseph Lorenzo Philippe geweit.
1925, nom Doud vum P. Léon Dehon, dem Grënner vun den Häerz-Jesu Pateren, gëtt de P. Philippe SCJ, 2. Pater Generol vun der Kongregatioun vun den Häerz-Jesu Pateren.
Den 25. Abrëll 1935 gëtt hien zum Titulärbëschof vun Tinum a Koadjutor vum Bistum Lëtzebuerg ernannt. Den 9. Juni gëtt en zum Bëschof geweit. Hie gëtt den 9. September 1935 Bëschof vu Lëtzebuerg.
Säin Nofolger gouf de Léon Lommel.
Tinum ass de Numm vun enger fréierer Diözes, déi et scho laang net méi gëtt. Sie louch an Dalmatien. Den Titel Titularbëschof ass en Éierentitel, dee keng Funktioun mat sech bréngt. Et ass de Brauch, datt dësen Éierentitel mam Numm vun enger fréierer Diözes verbonne gëtt.
[Änneren] Um Spaweck
Virgänger | Bild feelt | Nofolger |
---|---|---|
Pierre Nommesch | Lëscht vun de Bëscheef | Léon Lommel |