Joséphine-Charlotte
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Joséphine-Charlotte 11. Oktober 1927 – 10. Januar 2005 |
||||||
Fra vum Jean vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
D'Joséphine-Charlotte, Ingeborg, Elisabeth, Marie-Josée, Marguerite, Astrid (* 11. Oktober 1927 zu Bréissel als Prinzessin vun der Belsch, † 10. Januar 2005 zu Fëschbech) war, als d'Fra vum Grand-Duc Jean, Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
D'Prinzessin Joséphine-Charlotte war déi eelsten Duechter vum spéidere Kinnek Léopold III. a senger Fra, der Prinzessin Astrid vu Schweden. Hir Kandheet huet se ufanks zu Stuyvenberg verbruecht, 1944 gouf se mat hirem Papp an Däitschland ënner Hausarrest gestallt a gung nom Krich mat hirer Famill op Prégny bei Genève wunnen, wou d'Joséphine-Charlotte och Kannerpsychologie studéiert huet.
Den 9. Abrëll 1953 huet si den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg bestuet. Aus dësem Bestietnis gounge 5 Kanner erfir: D'Prinzessin Marie-Astrid, de Prënz (a spéidere Grand-Duc) Henri, de Prënz Jean, d'Prinzessin Margaretha an de Prënz Guillaume.
Den 12. November 1964 ass de Prënz Jean senger Mamm Charlotte op de Lëtzebuerger Troun gefollegt, d'Joséphine-Charlotte gouf Groussherzogin.
Vun 1964 un ass d'Joséphine-Charlotte Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz gewiescht an huet eng sëllechen aner Wueltätegkeetsorganisatiounen patronnéiert. Si war staark u moderner Konscht intresséiert. D'Philharmonie um Kierchbierg ass no hir benannt.