John Couch Adams
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
John Couch Adams gebuer de 5. Juni 1819 zu Laneast, Cornwall, England; gestuerwen de 20. Januar 1892 zu Cambridge war en englesche Mathematiker an Astronom.
Den Adams huet op der Universitéit vu Cambridge studéiert, wou hien 1841 promovéiert huet. Ëm déiselwecht Zäit huet hien ugefaang d'Onregelméissegkeeten an der Bewegong vum Planéit Uranus z'ënnersichen. Hien huet d'Positioun vum Planéit Neptun opgrond vun der onregelméisseger Bunn vum Uranus berechent. Seng Berechnunge goufe vun de Kollegen net beuecht. Dat huet den Urbain Le Verrier ausgenotzt a koum him zevir. Den Adams gouf 1858 Professer op der Universitéit vu St. Andrews a Schottland a spéider zu Cambridge. 1861 ass hien och do Direkter vum Observatoire ginn.
[Änneren] Literatur
- Sky and Telescope, Juli 2003, S. 26
- William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82 - 88 (2005), ISSN 170-2971