Johan Caspar de Cicignon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Johan Caspar de Cicignon oder Johan Caspar von Cicignon (* ca. 1625 zu Uewerwampech, † 1696 zu Fredrikstad an Norwegen), vun adelegem Geblitt, war en dänesche Generol. Bekannt ginn ass hie virun allem wéinst sengen architektoneschen Aarbechten an Norwegen.
1657 gouf hien däneschen Offizéier an an den 1660-Joeren zum Kommandant vun der Bergenshus Festung an Norwegen ernannt. Zu Bergen, wéi och spéiderhin zu Fredrikstad, war hie responsabel fir de Bau an Ausbau vu militärstrategesche Festungen.
1681 ass hien op Trondheim, Norwegen, geschéckt gi fir dee vun engem Groussbrand total zerstéierte Stadkäer nei opzebauen a brandsécher ze maachen. Dem Cicignon säi barocke Baustil prägt nach haut d´Trondheimer Stadbild.
Nieft Trondheim war de Cicignon och responsabel fir de Stadplang vu Kongsvinger, Norwegen.
Seng lescht Joeren huet de Cicignon zu Fredrikstad als Immobiliespekulant verbruecht. Hie sollt 1696 als räiche Mann stierwen.
Zu Uewerwampech an zu Trondheim erënneren nach haut Monumenter un de Cicignion.
[Änneren] Literatur
- Nissen, Harald: Johan Caspar Cicignon of Oberwampach : a Luxembourg immigrant in Norway - In: Annuaire : vol. II des actes du XXIe congrès international des sciences généalogique et héraldique de Luxembourg (1994) / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik. - 1995, Säiten 73-90, ill.