Jean Bernard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Bernard (1907- 1. September 1994) war e lëtzebuerger Geeschtlechen an vun 1944 bis 1958 Chefredakteur an Editeur vum Luxemburger Wort.
De Jean Bernard huet zu Louvain (Leuven) an um Séminaire zu Lëtzebuerg studéiert a gouf 1933 zum Paschtouer geweit. Dono huet en en Doktorat an der Philosophie gemaach.
Do dernieft louch säin Intressi beim Film: Zanter 1929 huet hien sech an der internationaler kathoulescher Filmaarbecht engagéiert, an 1934 gouf e Generolsekretär vun der internationaler kathoulescher Filmorganisatioun OCIC fir d'Belsch a fir Lëtzebuerg. Als jonke Seminarist hat hien 1932 selwer e Film gedréit, deen awer net fäerdech gouf: Mat Läif a Séil am Seminaire.
De 6. Januar 1941 gouf de Jean Bernard vun der Gestapo verhaft an den 19. Mee an d'Konzentratiounslager Dachau bruecht. Am Februar 1942 krut hien iwwerraschend 9 Deeg "Congé" vum KZ. An sengen Erënnerunge steet wéineg doriwwer; de Bernard freet sech doranner, ob de Grond doranner léich, datt 6 Paschtéier sollte 'gelackelt' ginn, sech ëffentlech den Nazien z'ënnerwerfen. Hie schreift: "Das wäre ein Propagandaerfolg. Sechs Luxemburger Geistliche kehren 'umgeschult' aus Dachau zurück! War das die Erklärung für meinen unerhörten Urlaub?" Well de Jean Bernard refuséiert hat, ze collaboréieren, huet e missen hannescht op Dachau. De 5. August 1942 ass en definitiv fräigelooss ginn.
Bis am September 1944, wou Lëtzebuerg befreit gouf, huet de Jean Bernard zeréckgezunn an engem Klouschter gelieft. Dono gouf en zum Chefredakteur an Editeur vum Wort ernannt.
1945 huet en seng Erliefnisser an enger Artikelserie am Wort, dono och an engem Buch mam Titel Pfarrerblock 25487 verëffentlecht. Dëst Buch liwwert d'Grondiddi vum Volker Schlöndorff sengem Film Der neunte Tag, deen am November 2004 erauskoum.
De Jean Bernard war vu 1947 bis 1972 President vum OCIC (haut: SIGNIS). Hie gouf 1955 zum Éirendoumhäer vun der Kathedral zu Lëtzebuerg ernannt. 1958 huet hie seng Aarbecht als Editeur wéinst gesondheetleche Problemer opginn, mee weider an der Redaktioun geschafft.
1970 gouf de Jean Bernard vum Poopst Paul VI. zum Éireprälat ernannt.
Hie war Conseiller vun der Peepstlecher Commissioun fir Film, Radio an Tëlevisioun; fir dat Zweet Vatikanescht Konzil war e Member vum Aarbechtssekretariat fir Press, Film, Radio an Tëlevisioun an e war President vun der Commissioun fir déi verfollegt Kierch bannent der Konferenz vun den Internationale Kathouleschen Organisatiounen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Decoratiounen
De Jean Bernard war Officier de l'Ordre de la Couronne de Chêne an Officier de l'Ordre de Mérite, Chevalier de l'Ordre de Léopold (Belsch) a krut d'Stella della Solidarietà.
[Änneren] Bibliographie
- Bernard, Jean, Pfarrerblock 25487. [Neidrock] Lëtzebuerg 2004, ISBN 2-87963-286-2
[Änneren] Filmographie
- Mat Läif a Séil am Seminaire, 1932, 23 min.