Jean-Pierre Jeunet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Pierre Jeunet (* 3. September 1953 zu Roanne, Loire) ass e franséische Filmregisseur a Dréibuchauteur.
Mam Marc Caro zesummen huet de Jean-Pierre Jeunet seng éischt Erfolleger am Kino gefeiert. Delicatessen a La Cité des enfants perdus sinn durch hire Stil an hir Geschicht opgefall. Dës Filmer hun aus dem Alldeeglechen eppes Fantastesches gemeet.
D'Weeër vum Caro a Jeunet hu sech getrennt, wéi Hollywood dem Jeunet ugebueden hat, eng Suite zu Alien ze dréien.
Mat Le fabuleux destin d’Amélie Poulain huet de Jeunet e Film gedréint, dien net nëmmen originell ass, deen awer och nach e ganz grousse Succès am Kino hat.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Gielercher
- 2002 César vum franséische Film fir déi beschte Regie: Jean-Pierre Jeunet : Le fabuleux destin d'Amélie Poulain.
[Änneren] Filmer
[Änneren] Regissuer
- 2004 : Un long dimanche de fiançailles
- 2001 : Le fabuleux destin d'Amélie Poulain
- 1997 : Alien : Resurrection
- 1995 : La cité des enfants perdus (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1991 : Delicatessen (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1989 : Foutaises (Kuerzfilm vun 8 Minuten)
- 1984 : Pas de repos pour Billy Brakko (Kuerzfilm vu 5 Minuten)
- 1981 : Le bunker de la dernière rafale (Kuerzfilm vu 26 Min.) (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1980 : Le manège (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1978 : L'évasion (Regie zesumme mam Marc Caro)
[Änneren] Dréibuchauteur
- 2004 : Un long dimanche de fiançailles (zesumme mam Guillaume Laurant no engem Roman vum Sébastien Japrisot)
- 2001 : Le fabuleux destin d'Amélie Poulain (zesumme mam Guillaume Laurant)
- 1995 : La cité des enfants perdus (zesumme mam Gilles Adrien a Marc Caro)
- 1991 : Delicatessen (zesumme mam Gilles Adrien a Marc Caro)
- 1989 : Foutaises (zesumme mam Bruno Delbonnel)
- 1984 : Pas de repos pour Billy Brakko
- 1981 : Le bunker de la derniere rafale (zesumme mam Gilles Adrien a Marc Caro)