Interlaken
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wopen | |
---|---|
|
|
Basisdaten | |
Kanton: | Kanton Bern |
Bezirk: | Interlaken |
Gemengennummer: | 0580 |
PLZ: | 3800 |
Koordinaten: | 46° 41' N. 7° 52' O. |
Héicht]: | 568 m i. M. |
Fläch: | 4,4 km² |
Awunner: | 5.206 (l. Januar 2005) |
Websäit: | www.interlaken.ch] |
Kaart | |
|
Interlaken ass eng Uertschaft am Kanton Bern (Schwäiz) an Haaptuertschaft vum Bezierk Interlaken, deen hieren Numm dréit. Bis 1891 hurt d'Gemeng Aarmühle geheescht . Si krouch dann hieren Numm vun haut. Si läit nämlech um Bödeli tëschent dem Thunerséi an dem Brienzerséi. Aus hirer geographescher Lag gouf hiren Numm (lateinesch inter - tëschent a lacus - Séi) dunn ofgeleet.
[Änneren] Geschicht
Ëm 1130 gouf d'Klouschter vun Interlaken duerch den Augustineruerden gegrënnt a koum 1133 ënnert d'Protektorat vum Keeser Lothar III. 1224 gouf d'Klouschter vun der jonger Stad Bern ënnert hir Fittechen geholl. 1528 gouf Interlaken dann Bestanddeel vum Kanton Bern.
Ëm 1800 gouf déi phantastesch Biergwelt rondrëm vu Reesenden aus der Friemd entdeckt an och vun hinnen beschrief. E>en Undeel dorun haten ënnert aneren: Johann Wolfgang von Goethe, Lord Byron an Felix Mendelssohn Bartholdy. An der zweeter Halschent vum 19. Joerhonnert huet Interlaken sech du zu engem Touristenzentrum ëntwéckelt. Duerzou bäigedro huet och spéider de Bau vun de Berner Oberland-Bunnen no Lauterbrunnen a Grindelwald 1890 an der Jungfrau-Bunn 1912.
Eng Roll an der touristescher Ëntwëcklung hunn och d' Tellspiller, déi an de Nopeschgemengen Wilderswil a Matten bei Interlaken opgefouert ginn.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Ausfluch op Grindelwald
- Ausfluch op Wengen
- Ausfluch op Mürren
- Ausfluch mat der Biergbunn op d' Schynnige Platte
- Ausfluch mat der Biergbunn op d'Jungfrau (Bierg)
- Ausfluch mam Schëff op Thun a Brienz