Indiana Jones and the Temple of Doom
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Indiana Jones and the Temple of Doom |
Produktiounsland: | USA |
Produktiounsjoer: | 1984 |
Dauer: | 118 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch |
Equipe | |
Regie: | Steven Spielberg |
Dréibuch: | George Lucas |
Kamera: | Douglas Slocombe |
Musek: | John Williams |
Produzent: | Kathleen Kennedy George Lucas Frank Marshall Robert Watts |
Haaptacteuren | |
Harrison Ford als Indiana Jones Kate Capshaw als Willie Scott Jonathan Ke Quan als Short Round Amrish Puri als Mola Ram Roshan Seth als Chattar Lal |
Indiana Jones and the Temple of Doom (Indiana Jones und der Tempel des Todes, Indiana Jones et le temple maudit) ass den zweete Film aus der Indiana Jones-Trilogie.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film ?
No enger klenger Meenungsverschiddenheet an enger Bar zu Hong Kong lant den Archeolog Indiana Jones zesumme mam 12 Joer ale Short Round an der Sängerin Willie am déifsten indeschen Dschungel. Do fanne si e klengt Duerf wou d'Awunner gleewen, datt iergendeng béis Muecht hier Kanner klaut, nodeems en hellege Steen aus dem Duerf verschwonnen ass. Den Indy mecht sech also op de Wee dëse Steen ze fannen, a geréit dobäi un de Kali-Kult.
[Änneren] Zitater
- Indiana Jones: Willie, Willie, Willie. What kind of a name is that ? Is it short for something ? - Willie: Willie is my professional name, Indiana. - Short Round: Hey, lady! You call him Dr. Jones! - Indiana Jones: *My* professional name.
- Willie: Ooh, what big birds! - Indiana Jones: Those aren't big birds, sweetheart! They're giant vampire bats!
[Änneren] Triviales
- D'Sharon Stone wor virgesi fir d'Roll vum Willie bis zum Kate Capshaw senger Auditioun.
- Bei den Dréiaarbechte vun Indiana Jones and the Temple of Doom huet de Steven Spielberg seng spéider Fra, d'Kate Capshaw, kennegeléiert.
- De Club um Ufank vum Film heescht Club Obi Wan, eng Referenz un d'Star Wars-Filmer vum George Lucas.
[Änneren] Gielercher
- 1985: Oscar fir Best Effects, Visual Effects.
- 1985: BAFTA Film Award fir Best Special Visual Effects.