Hydrographie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Hydrographie (geographesch Kennschaft vum Waasser) bezeechent een d'Léier vun Erschéngunsformen, Eegeschaften, Virkommen, Verbreedung an Haushalt vum Waasser, iwwer, op, an ënner der Äerdiwwerfläch.
D'Hydrographie ass een Deel vun der Geographie an der Geophysik.
Hier Deelgebidder sinn d'Limnologie mat dem Deelgebitt Potamologie, d'Hydrogeologie, d'Ozeanographie an d'Glaziologie.
D'Hydrographie iwwerschneit sech a verschiddene Beräicher dacks mat der Hydrologie.