Husumer Protestschwäin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dat Husumer Protestschwäin, Wäissgestäift rout Protestschwäin oder Dänescht Protestschwäin ass eng Rass vum Hausschwäin, dat um Ausstierwen ass.
Well dat rout Déier met senger breeder wäisser Sträif, déi queesch iwwer d'Schëller an déi viischt Bee leeft, dem Dannebrog, dem däesche Fändel gläicht, goufen deeër Schwäin vun Däne geziicht, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert an Nordfrisland hire Fändel net hunn dierfen eraushänken.
Dat Béischt gëtt eppes iwwer 90 cm héich a weit bis zu 7 Zenner. 1954 gouf dat Husumer Protestschwäin als Rass unerkannt.
Zënter 1996 existéiert e Förderverein Rotbuntes Husumer Schwein e.V., deen offiziell d'Bestänn erfaasst. Haut liewen ongeféier 150 deeër Schwäin op der Welt. D^Land Schleswig-Holstein ënnerstëtzt d'Ziichter.