Hautbois
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Hautbois ass en Holzblosinstrument
[Änneren] Den Numm
- de. Oboe
- fr. hautbois
- еn. oboe
- it. oboa
- spuenesch: oboe
- rus. гобой
- nl. hobo
[Änneren] Den Hautbois an der Systematik vun de Musekinstrumenter
Den Hautbois gehéiert an der Sachs / Hornbostel-Systematik zu den aerophonen Instrumenter; an dodran zu de Rouerblatinstrumenter.
[Änneren] D'Instrument
Den Hautbois an d'Instrumenter aus senger Famill ginn duerch en Duebelrouerblat ugeblosen. E besteet aus engem riichte, konesche Rouer aus Holz (Ebenholz oder vum Buchsbam) vu 60 cm, deen aus dräi Deeler besteet: d'Uerwerstéck, Ënnerstéck an Schallstéck. Dobäi kënnt nach d'Mondstéck, dat klengt Doubelrouerblat dat beim Blosen tëscht d'Lëpse geholl gëtt. Den Deckelsystem besteet aus oppene Grëfflächer, Rankklappen an zouenen Deckelen fir déi chromatesch Tounleeder; dann aus Oktavdeckelen an Hëllefs- an Trillerklappen, ähnlech wéi bei de Flütten. Beim Spille gëtt den Hautbois schréi no ënne gahal.
Den Toun ass net ganz haart, mee dee spezifesche Klang fält direkt op.
[Änneren] D'Geschicht
D'Instrumenter vun der Hautboisfamilljen gehéieren zu deenen eelste Blosinstrumenten iwwerhapt. Dat aalt Griicheland huet se als aulos (Méizuel: auloi) kannt, Roum als tibia (Méizuel: tibiae). All Statuetten, déi fonnt goufen, deiten drop hinn, datt 2 deeër Instrumenten ugewenkelt bei de Mond gefouert si ginn. Déi eelste Miniatur stamt aus der Kyklade-Kultur aus der Mëtt vum 3. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung.
Zënter dem Mëttelalter fanne mer se bei den Hierden besonnesch an dem östlechen Europa; den Numm war Schalmei, dat war eng Verdäitschung vum franséischen chalumeau, dat sengersäits vum laténgesche calamus (Rouer oder Hallem) ofstamt. No an no sinn d'Schalmeien och méi grouss gebaut ginn. Am Däitsche kruten déi de Numm Pommer, Bommer, Bomhart, Bombardo.
((frans. Haff))
[Änneren] D'Hautbois-Familljen
- Den Englesche Cor
- D' Fagott
- D' Kontrafagott
- Den Haubois d'amour
- D' Oboe da caccia (Juegd-Hautbois)
- Den Heckelphon
- De Sarrusophon
[Änneren] De Repertoire fir Hautbois
[Änneren] Hautbois solo
- Benjamin Britten: Sechs Metamorphosen nom Ovid opus 49
[Änneren] Hautbois a Piano
- Paul Hindemith: Sonat a G
- Robert Schumann: Romanzen opus 94, 1-3
[Änneren] Hautbois a Basso Continuo
- Johann Sebastina Bach: Sonat fir Hautbois an Cembalo (Dat ass eng Variant vun der Sonat fir Flütt a Basso continuo BWV 1030)
- Georg Friedrich Händel: Sonat fir Hautbois a Basso continuo an aner Sonate mat Violin, Fagott oder B.c.
[Änneren] Bléiser a Piano
- Ludwig van Beethoven: Quintett fir Piano, Hautbois, Klarinett, Cor a Fagott opus 16
- Wolfgang Amadeus Mozart: Quintett fir Piano, Hautbois, Klarinett, Cor a Fagott KV 452
[Änneren] Hautbois-Concerten
vu ville Komponisten:
- Tommaso Albinoni
- Carl Philipp Emmanuel Bach
- Johann Christian Bach
- Johann Sebastian Bach
- Vincenzo Bellini
- Domenico Cimarose
- Joseph Haydn
- Wolfgang Amadeus Mozart
- Antonio Vivaldi an aneren
[Änneren] D'Fabrikanten
[Änneren] Frankräich
- Rigoutat
- Buffet Crampon
- Marigaux
- Lorée
[Änneren] Däitschland
- Ludwig Frank & Frank Meyer GbR, Berlin
- Gebrüder Mönnig – Oscar Adler & Cie.
[Änneren] Hautbois-Bléiser
- Maurice Bourgue
- Robert Casier
- Nicholas Daniel
- John De Lancie
- Christiane Dimigen
- Klaus Ebrach
- Lothar Faber
- Sarah Francis
- Leon Goossens
- Heinz Holliger
- Jean-Claude Jaboulay
- Lothar Koch
- Kiri Krejci
- Karel Lang
- André Lardrot
- Jean-Claude Malgoire
- Sigurd Michael
- Manuel Munzlinger
- Pierre Pierlot
- Michel Piguet
- Hans-Jörg Schellenberger
- Jacques Vandeville
- Hagen Wangenheim
- Hans-Peter Westermann
- Helmut Winschermann
[Änneren] Den Hautbois an der Jazz-Musek
- Yusef Lateef
- Keith Hooper
- Manuel Munzlinger
- L.A. Reed Machine mam Francisco Castillo op dem Hautbois oder dem Englesche Cor
[Änneren] Den Hautbois an der Volleksmusek
[Änneren] Literatur iwwer den Hautbois
- Friedrich Blume, Erausg.: Die Musik in Geschichte und Gegenwart. Kassel, Basel, London, New York, Bärenreiter-Verlag, 1961, Band 9, S. 1777 ff.
- Scott Deveaux,Barry Kernfeld, Erausg. : The New Grove Dictionary of Jazz Music and Musicians. New York: Macmillan Press Limited, 1988, vol. 2, 401.
- Marc Schaeferdiek: Der Oboen-Doktor. Reparatur- und Pflegehilfe Coblenz am Rhein, Egge Verlag