Granulom
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mee ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter ! Besonnesch d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesaat ginn ! |
E Granulom, vum laténgesche granum (Kär), ass eng knuetarteg Tissuneibildung, déi duerch eng Entzündung entstanen ass. Si besteet aus Epitheloidzellen, mononuklearen Zellen oder aus Risenzellen. D'Granulom entsteet meeschtens als Reaktioun op chronesch, allergesch oder infektiéis Prozesser, déi am mënschleche Kierper oflafen.
An der Zännmedezin gëtt Granulom gebraucht fir en Eetersäckelchen (d: beherderter Zahn), eng Usammlung vu Granulatiounstissu, meeschtens eng Reaktioun op Bekterien, déi eng Entzündung provozéiert hunn.
Granulome kënnen an der Pathologie opgrond vun hirer Gréisst an hirem histologischen Opbau charakteriséiert ginn, an esou zu der Diagnos vun der Krankheet bäidroen déi d'Ursaach ass.
E puer Krankheeten, déi Granulomen ervirruffe kënnen:
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Allergescht Granulom
Zellevermëttelt Iwwerempfindlichkeetsreaktioun beim Typ IV vun der Allergie, Berylliose
[Änneren] Infektiéist Granulom
Rheumatescht Féiwer, Tuberkulos, Lepra, Syphillis, Leishmanios, Listerios, Mykose, Aktinomykos, Schistosomiasis.
[Änneren] Net-infektiéist Granulom
Sarkoidos, Lymphogranulomatos, Morbus Crohn, Zännfleeschepulis ( e Schwier, deen op dem Zännfleesch sëtzt,meeschtens um Uewerkifer) , Friemkierper (chirurgescht Bitzmaterial, anorganesch Substanzen)