Goss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Goss ass dat Produkt, wat beim Schmëlzen vum Eisenäerz am Héichuewen entsteet.
De Goss huet een héje Kuelestoffgehalt vu 4 bis 5 %, bis zu 3 % Silizium a bis zu 6% Mangan mat klenge Quantitéite vu Schwiefel a Phosphor.
Dës Zusummesetzung bréngt et mat sech, dass de Goss, wann e kal ass, och ganz sprock ass an doduerch schwéier weider ze verschaffen ass. E kann dann net méi verformt ginn z.B. duerch Walzen oder Schmiden. Et ass och ganz schwéier fir en ze verschweessen.
Wann de Goss brécht kann een entweder eng wäiss oder gro Brochfläch gesinn. Eng gro Brochfläch ass en Zeechen, dass vill Silizium dran ass. Wa vill Mangan dran ass, da kritt een eng wäiss Brochfläch. Dëse Goss kann, wann en an engem Konverter weiderbehandelt gëtt, zu Stol weiderverschafft ginn.