Global Positioning System
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Global Positioning System (ofgekierzt GPS) ass en Navigatiounssystem vum US-Verdeedegungsministär deen et erméigelecht, mat Hëllef vu Satelliten eng weltwäit Positiounsbestëmmung duerchzeféieren.
Déi offiziell Bezeechnung ass "Navigational Satellite Timing and Ranging - Global Positioning System" (NAVSTAR-GPS), mee hautesdaags gëtt quasi nëmmen nach vun engem "GPS" geschwat.
De GPS-System ass den 17. Juli 1995 offiziel a Betrib geholl ginn, a konnt am Ufank ausschliisslech vun der US Arméi an deenen hiren Alliéierte benotzt ginn. Haut, nodeems den US-Verdeedegungsministär den Datestrom vun de Satelliten net méi kryptéiert, si GPS Navigatiounssystemer net méi aus Fligeren, Autoen oder Schëffer ewechzedenken. Néierdings gi GPS Rezeptoren esouguer a Schrëttzieler oder a GSM-Telefone benotzt.