Ludwig II.: Glanz und Ende eines Königs
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
[[Image:]]
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Ludwig II. : Glanz und Ende eines Königs |
Produktiounsland: | Däitschland |
Produktiounsjoer: | 1955 |
Dauer: | 110 Minutten |
Originalsprooch: | Däitsch |
Equipe | |
Regie: | Helmut Käutner |
Dréibuch: | Georg Hurdalek Peter Berneis |
Kamera: | Douglas Slocombe |
Musek: | Richard Wagner Heinrich Sutermeister |
Produzent: | Wolfgang von Molo Wolfgang Reinhardt |
Haaptacteuren | |
O. W. Fischer als Ludwig II. Ruth Leuwerik als Keeserin Elisabeth Marianne Koch als Prinzessin Sophie Paul Bildt als Richard Wagner Friedrich Domin als Bismarck Klaus Kinski als Prënz Otto |
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Em wat geet et am Film
De Film erzielt d’Liewe vum Ludwig II. vu Bayern.
[Änneren] Iwwer de Film
Den Helmut Käutner huet e ganz gefleegte Film gemeet. Hien huet op den Originalplazen, wou dem Ludwig säi Liewen sech ofgespillt huet, gedréint. Leider brëngt hien net vill iwwert dem Ludwig seng däischter Säiten, hie weist am Fong nëmmen en onverstanenen an dorduerch onglëckleche Kinnek.
D’Photographie vum Douglas Slocombe ass gelëckt. D’Musek aus dem Film déi haaptsächlech vum Richard Wagner ass, gëtt vum Herbert von Karajan dirigéiert.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Ludwig (Film)
- Ludwig - Requiem für einen jungfäulichen König