Glacis (Festung)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Glacis bezeechent een am neizäitleche Festungsbau Buedemoppschedungen virun dem Festungsgruef, déi dëse fir den Feind méi déif maachen an déi sou gebaut sinn, dass keen doudege Wénkel enstoe kann. Am Géigesaz zu provisoreschen, befestegte Lageren, déngen se bei enger richteger Festung och als Broschtwier, déi e Gedeckte Wee viru Schëss schützt an eng Verdeedegung vum Gruef erméiglecht.
De Glacis war am Idealfall onbebaut an net mat Beem bewueess, fir géignereschen Truppen jidfer Méiglechkeet zur Deckung ze huelen. Dacks goufen dozu nach um Glacis Planze mat déiwe Wuerzele geplanzt, fir d'Gruewe vun Approchë méi schwéier ze maachen. Zesumme mat der fënnefeckeger Form vun de Bastiounen an dem regelméissegen, villeckege Grondrëss vun de Festungsmauere gouf duerch d'Uleeën vun engem Glacis verhënnert, dass eng Surface entsteet, déi d'Geschützer vun der Festung net erreeche kinnten.
Am Laf vun der Zäit gouf de Glacis ëmmer méi héich opgeschott, fir géignerechen Truppen d'Eru-Schaffen un d'Befestegungsanlagen z'erschwéieren.
Haut deiten a ville Stied Stroossennimm, an deenen d'Wuert Glacis virkënnt, op déi fréier Présenz vun Befestegungsanlagen hin.
[Änneren] Kuckt och
- Glacis fir aner Bedeitunge vum Wuert