Gierwereien zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gierwereien zu Lëtzebuerg goufen et der laang zu Veianen an haaptsächlech zu Wolz. Dat war zu deer Zäit, wéi nach am Éislek Lou geschlass ginn ass. Am Joer 1811 hun zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestan.
D'Haaptclientë vun de lëtzbuergesche Gierwereie ware laang déi friem Arméien, déi zu Lëtzebuerg stationnéiert waren. Et gëtt gesot, datt e puer éisträischech Regimenter zur Zäit vum Maria Theresia ausschléisslech Stiwwelen aus lëtzebuergeschem Lieder gedroen hunn.
Wéi synthetesch Substanzen d'Lou bei der Liederproduktioun ersat hunn, ass hir Zuel lues a lues zeréckgaangen. Am Zweete Weltkrich hunn d'Gierwereien duerch Zerstéierungen dann och nach 40% vun hirer Produktiounskapazitéit agebéisst. Virum Krich waren nämlech 860 Aarbechter an de Giewereie beschäftegt. Hir Zuel ass op 570 am Joer 1949 zréckgaang.
An den 1950er Jore war et du Schluss. Dunn huet déi lescht Gierwerei, d'Ideal, zu Wolz, missen zoumaachen. Dat war een haarde Schlag fir Wolz. Vun do un huet d'Regierung ugefaang, nei Industrien an d'Land ze bréngen. Dat ass geschitt am Kader vun enger sougenannter industrieller Reconversioun.
[Änneren] Literatur
Weber, Paul: Histoire de l'Economie luxembourgeoise, Imprimerie Victor Buck, Luxembourg, 1950, 432 Säiten