Gare Liège-Guillemins
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Liège-Guillemins ass d’Haaptgare vu Léck an der Belsch.
D’Gare läit am Quartier Guillemins um Fouss vun der Kopp op déier de Quartier Cointe ass. Et ass di zweetgréisst Gare a Wallounien mat engem Trafic vun ongeféier 36.000 Passagéier den Dag. Et ass eng TGV-Gare fir internationalen Zuchverkéier. Hei lafen ënner anerem den ICE eran an den Thalys.
Et ass eng vun den eelste Garen aus der Belsch an ass amgaangen, komplett ëmgebaut ze gi fir déi nei LGV-Linn Bréissel-Oochen kënnen ze bedéngen. Et gëtt duerfir eng néi Gare nieft der aller opgeriicht mat enger komplett neier Infrastruktur mat neie Parkingen a.s.w. D’Autobunnsopfahrt fir di nei Gare besteet schonns zënter 2002. D’Pläng fir di nei Gare si vum Architekt Santiago Calatrava Valls deen och d’Pläng fir d’Bréck gemmet huet déi an de neie Parking geet a vun de Lécker dowéinst Calatravas-Bréck genannt gëtt. Si féiert vun der rue de l’Observatoire an de Parking. Déi nei Gare soll sou wéi di nei Linn Enn 2007 fäerdeg gin.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
1838 knapps dräi Joer no deeër éischter Eisebunnsstreck um Kontinent, haten d’Belsch eng Eisebunnslinn vu Bréissel op Ans op den Héichte viru Léck gebaut. Wëll d’Steigung vu Léck op Ans eng zimmlech géi war, sinn d’Zich op deem Deel mat Seeler eropgezunn ginn. Di ganz Installatioun fir dat ze maachen war bekannt ënner dem Numm Plan incliné de la côte d’Ans. Haut gëtt et och nach eng Strooss déi deen Numm dréit. An et kann een nach Iwwereschter vun déier Installatioun gesinn.
1842 gouf dunn wéi op ville Plazen eng éischt hëlze Gare opgeriicht op der Plaz wou fréier ee Klouschter stung dat dem Guillemiteruerde gehéiert huet, vun deem den Numm hierkënnt.
1843 gouf déi éischt belsch international Linn Léck-Oochen-Köln opgemaach.
Di hëlze Gare war als Provisorium geduecht gewiescht well déi Lécker Gemengepäpp d’Gare gären méi am Zentrum vun der Stad gehat hätten, zimlech no bei der Place St. Lambert a no beim Bëschofspalais.
De belsche Staat hat awer eng ganz aner Iddi an der Kopp an duerfir ass op der selwechter Plaz 1863 eng komplett néi Gare gebaut gi mat engen grousse Glassgiewel. Dës Gare gëtt vun 1881-182 ëmgebaut a 1905 fir d’Universalaustellung zu Léck nach eng Kéier vergréissert. Deemools si Gleise beigeluecht ginn an ënnerirdesch Passage gebaut ginn, fir op Quaien ze kommen . 1958 gouf dës schéi Gare ewëchgerappt an et ass e neit modernt Gebai oni vill Fassong opgericht ginn. Dat ass déi Gare déi elo nach do steet mee bis 2007, wann déi neo Gare am Rullen ass, afgerappt soll gin.
[Änneren] Déi nei TGV’s Gare
Duerch d’Decisioun, eng TGV’s Linn vu Bréissel iwwer Léck bis op Oochen ze bauen, huet mussen eng ganz nei Infrastruktur opgeriicht ginn an domat och eng nei Gare déi de Qualitéitsusprech vum TGV gerecht gëtt.
No engem internationale Concours krut de Katalaneschen Architekt Santiago Calatra Valls d'Missioun fir déi nei Gare ze bauen. Hien hat schonns virdrun zu Zürich d’ Gare vu Stadelhofen an zu Lyon Gare Lyon-Saint-Exupéry gebaut (fréier : Satolas).
Déi nei Gare kritt 9 nei Gleiser. D’Gleiser 1 an 2 gi reservéiert vir d’Départen an Däitschland an 3 a 4 fir d’Départen op Bréissel.
Fënnef nei 8 Meter breet Quaië ginn ugeluecht, 3 dervu mat enger Längt vun 450 m fir duebel Thalysreien opzehuelen an di zwéin annerer ginn 350 Meter laang.
Fir de Numm vun der neier Gare ass nach bis elo keng Decisioun getraff ginn.
[Änneren] Konstruktiounsphasen
[Änneren] Watfir Zich furen do fort?
(Destinatiounen original op Franséisch wéi se bei der SNCB heeschen:
- Thalys : Paris-Nord - Bruxelles-Midi - Liège-Guillemins - Aix-la-Chapelle - Cologne
- Thalys : Paris-Nord - Mons - Charleroi - Namur - Liège-Guillemins
- ICE : Bruxelles-Midi - Liège-Guillemins - Aix-la-Chapelle - Cologne - Francfort
- IC A : Ostende - Bruges - Gand - Bruxelles - Louvain - Liège-Guillemins - Verviers - Welkenraedt - Eupen
- IC D : Lille - Tournai - Mons - La Louvière - Charleroi - Tamines - Namur - Huy - Liège - Herstal - Milmort - Liers
- IC E : [weekend] Knokke ou Blankenberge - Bruxelles - Liège-Guillemins ou Genk
- IC F : [semaine] Quiévrain - Bruxelles - Liège-Guillemins
- IC M : Bruxelles (5 gares) - Ottignies - Gembloux - Namur - Andenne - Statte - Huy - Flémalle - Liège (3 gares) - Herstal - Milmort - Liers
- IR c : Anvers - Hasselt - Tongres - Liège-Guillemins - Seraing - Flémalle
- IR m : Liers - Liège-Guillemins - Luxembourg
- IR q : Liège-Guillemins - Welkenraedt - Aix-la-Chapelle
- L : Welkenraedt - Liège-Guillemins - Liège-Palais
- L : Liège-Guillemins - Waremme
- L : Liège-Guillemins - Namur - Tamines
- L : Liège-Guillemins - Maastricht
- L : Herstal - Liège-Guillemins - Jemelle
- P : Liège-Guillemins - Bruxelles) (Spezialzuch deen fir d’Stréck nëmmen 51 Minute brauch.
Info : [1])
[Änneren] Um Spaweck
Offiziell Websäiten
Net offiziell Websäiten
- Reportage sur les travaux de la nouvelle gare TGV
- Petite histoire du quartier des Guillemins.
- Panorama QuickTime VR du passage sous-voies de la gare des Guillemins (panographie d'Alain Hamblenne)
- Panorama QuickTime VR dans la future gare des Guillemins (panographie d'Alain Hamblenne)
- Histoire détaillé de Liège-Guillemins.
Commons: Liège-Guillemins – Biller, Videoen oder Audiodateien |