Gábor Darvas
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gábor Darvas (* 18. Januar 1911 zu Szatmárnémeti (Siebenbürgen), haut Satu Mare (Rumänien); † 18. Februar 1985 zu Budapest) war een ungareschen Komponist a Musekwëssenschaftler.
De Gábor Darvas (bis 1952 Gábor Steinberger) gouf 1911 zu Szatmárnémeti a Siebenbürgen gebuer. 1918 ass hie mat senger Famill op Budapest geplënnert, wou en an de Lycée an an de Conservatoire gaangen ass. Vun néng Joer un huet hie Piano geléiert an tëschent 1926 an 1932 studéiert hien op der Franz-Liszt-Musekakademie zu Budapest; fir déischt Fagott, dunn Kompositioun beim Zoltán Kodály.
An den 30er Joeren sinn seng Orchesterkompositiounen a Concerten a besonnesch am ungaresche Radio gespillt ginn. 1939 verléisst hien Ungarn a lieft am Zweete Weltkrich a Chile. Eng Zäit laang war hie Mataarbechter vum Dirigent Erich Kleiber.
1948 ass en an Ungarn zréckkomm. Do war hie bis 1972 musikalesche Beroder beim ungaresche Radio an der Plakkefirma Hungaroton. Bis zu sengem Doud 1985 zu Budapest huet de Gábor Darvas nach eng etlech Bicher iwwer Musek geschriwwen.