Freaks
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Freaks |
Produktiounsland: | USA |
Produktiounsjoer: | 1932 |
Dauer: | 64 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch |
Equipe | |
Regie: | Tod Browning |
Dréibuch: | Willis Goldbeck Leon Gordon Edgar Allan Woolff Al Boasberg |
Kamera: | Merritt B. Gerstad David S. Horsley |
Musek: | Gavin Barns |
Produzent: | |
Haaptacteuren | |
Wallace Ford : Froso Leila Hyams : Venus Olga Baclanova : Cleopatra Roscoe Ates : Roscoe Henry Victor : Hercules Harry Earles : Hans Daisy Earles : Frieda Rose Dione : Madame Tetrallini Daisy Hilton: Siameseschen Zwilling Violet Hilton : Siameseschen Zwilling Olga Roderick : Fra mat Baart Johnny Eck : Mann ouni Ennerläif Prince Randian : Torso Frances O'Connor : Meedchen ouni Äerm Elvira Snow : Zip Jennie Lee Snow: Pip Schlitze : Schlitze |
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Den Hans an d'Frida aus dem Zirkus Tetrallini hu sech gär. Den Hans huet awer och en A op d'Trapezkënschtlerin Cleopatra geworf. D'Cleopatra bestuet sech da mat dem Liliputaner Hans, eleng wéinst dem Hans sengem Geld.
[Änneren] Iwwert de Film
Freaks as eent vun deenen aussergewéinlechste Wierker aus der Filmgeschicht.
D'Rolle vun de "Freaks" gi gespillt vu Mënschen, déi wierklech déforméiert oder handikapéiert sinn. De Film ass awer a kengem Moment voyeuristesch. E probéiert och a kengem Moment d'Matleed beim Nokuckert fir déi anormal Akteuren ervirzeruffen. Et sinn och net d'Freaken déi als déi Béis am Film optrieden, mee déi wierklech Schlecht sinn am Fong geholl déi Normal, dat heescht, déi ouni kierperlech Gebriechen.
No iwwer 70 Joer beréiert de Film nach ëmmer, an en huet näischt vu senger Wierkung verluer. De Film ass an England 30 Joer verbuede gewiescht. Dem Tod Browning seng Carrière war no Freaks esou gutt ewéi eriwwer, duerno ass hie vun de Filmstudioe boykottéiert ginn.
Freaks war bis elo bal nëmmen an engem Ciné-Club oder an enger Cinémathèque ze gesinn.
[Änneren] DVD-Tipp
Am November 2004 koum de Film an enger exzellenter Fassung op DVD bei Warner Home Video eraus.