François Laurent
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De François Laurent (8. Juli 1810 an der Stad Lëtzebuerg - 11. Februar 1887 zu Gent) war e lëtzebuergesche Jurist.
Hien huet zu Léiwen studéiert an huet direkt nom Ofschloss vu senge Studien am neigegrënnte belsche Jutizministär geschafft. 1836 gouf en op d'Genter Uni beruff, wou en Droit dozéiert huet. An deene 40 Joer, wou en do Professer war, huet en eng Rëtsch grondleeënd Bicher geschriwwen: E Commentaire an 33 Bänn zum Code Civil, eng Etude iwwert de Code Napoléon a Wierker iwwert d'internationalt Recht. Do dernierft huet hien och politesch Schrëfte geschriwwen, déi zum Deel op Däitsch iwwersat goufen. Zu Gent huet hien en Aarbechter-Schoulspuerveräin, d' Société Collier gegrënnt. Seng Konferenzen iwwert d'Spuere goufen an ning Sprochen iwwersat.
Politesch huet hie sech och dofir agesat, dass eng allgemeng Schoulflicht ënnert staatlecher (an net kierchlecher) Opsiicht sollt gëllen.
Zu Gent ass eng Plaz no him benannt (do steet och eng Statu), um Lampertsbierg eng Strooss, an e Lëtzebuerger Juristen-Zerkel dréit säin Numm.
[Änneren] Literatur
- René Link: François Laurent et le Luxembourg. Luxembourg: Cercle François Laurent, 1987.