Fluchhafe Findel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Fluchhafe Findel läit ongeféier 5 km nord-ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, zum Deel um Territoire vun der Gemeng Sandweiler.
1939 ass ugefaange ginn, den Terrain riicht ze maachen. Am Zweete Weltkrich war hei eng däitsch Schoul fir Segelfliger. 1946 gouf de Fluchhafen offiziell ageweit.
1955 gouf d'Haaptpist vun 2000 op 2830 Meter verlängert, an 1975 gouf se nach eng Kéier méi laang gemaach. Haut ass d'Bunn fir ze lande 4000 Meter laang.
1975 gouf och eng nei Aérogare a Betrib geholl, an 1993 gouf en neien, 35 Meter héijen Tower opgeriicht.
Zënter 2003 sinn Aarbechte fir eng nei Aérogare, mat ë.a. Uschloss un d'Schinnennetz, am Gaang.
[Änneren] Fluchgesellschaften an hier Destinatiounen vum Findel aus
- Austrian Airlines (Stroossbuerg a Wien)
- British Airways (London-Gatwick)
- Cargolux (Loftfracht)
- Czech Airlines (Prag)
- KLM (Amsterdam)
- Luxair (Agadir, Ajaccio, Alicante, Antalya, Barcelona, Bastia, Berlin, Burgas, Budapest, Cagliari, Catania, Constanta, Djerba, Dublin, Dubrovnik, Frankfurt, Fuerteventura, Genf, Gran Canaria, Heraklion, Hurghada, Ibiza, Jerez de la Frontera, Kopenhagen, Korfu, Lanzarote, Lissabon, London-Heathrow, Madeira, Madrid, Mailand, Malaga, Malta, Manchester, Marrakesch, Monastir, München, Neapel, Nice, Kos, Palma de Mallorca, Paräis, Porto, Rhodos, Rimini, Roum, Saarbrücken, Sharm el Sheikh, Teneriffa, Turin, Varna, Wien)
- SAS (Kopenhagen)
- Swiss (Zürich)
- TAP Portugal (Lissabon)
- Tunis Air (Tunis)
- VLM Airlines (London-City)
[Änneren] Statistiken
Statistesch Donneeën | |||
---|---|---|---|
2000 | |||
Passagéier | 1 689 000 | ||
Wuerentransport | 500 000t | ||
Mouvementer | 85 511 | ||
2003 | |||
Passagéier | 1 461 000 | ||
Wuerentransportt | 656 638t | ||
Mouvementer | 91 724 |