Europarot
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Europarot (fr: Conseil de l'Europe) ass eng tëschestaatlech Organisatioun an Europa. En dierf net mam Europäesche Conseil oder mam Conseil vun der Europäescher Unioun (dem EU-Ministerrot) verwiesselt ginn. Am Europarot sinn all europäesch Länner, mat Ausnam vu Wäissrussland an der Vatikanstad, Member; am Europäesche Conseil an dem Conseil vun der Europäescher Unioun (zwou Institutioune vun der Europäescher Unioun) si just d'Memberstaate vun der Europäescher Unioun vertrueden.
Den Europarot gouf vun der Belsch, Dänemark, Frankräich, Groussbritannien, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Norwegen a Schweden offiziell den 3. August 1949 an d'Liewe geruff. Hien huet säi Sëtz zu Stroossbuerg.
Och wann den Europarot institutionell näischt mat der EU ze dinn huet, deelt e mat hir deeselweschte Fändel an déiselwescht Hymn.
Den Europarot ass e Forum fir Debaten iwwer allgemeng europäesch Froen. Säin Zil ass et, dat Ierwen, wat d'europäesch Länner zesummen hunn, z'erhalen an den ekonomeschen a soziale Fortschrëtt virunzedreiwen.
Zënter 1993, nodeems bal all virmoleg kommunistesch Staate Member gi waren, befaasst den Europarot sech verstäerkt mam Erhalen vun der demokratescher Sécherheet, wourënner d'Anhale vun de Mënschenrechter, d'Sécherung vun dendemokratesch an derechtsstaatleche Grondprinzipie falen.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Organer
Déi zwee wichtegst Organer vum Europarot sinn de Comité vun de Ministeren (d'Ausseministere vun de Memberlänner) an d' parlamentaresch Assemblée (Vertrieder vun den nationale Parlamenter).
Zum Europarot gehéiert den Europäesche Geriichtshaff fir Mënschenrechter, dee geschafe goug, fir d'Ëmsetzen an d'Anhale vun der Europäescher Mënschenrechtskonventioun ze sécherern.
[Änneren] Memberen
Den Europarot huet 46 Memberen (2006). Bei d'Grënnungsmemberen (kuckt uewen) koumen no an no derbäi:
Tierkei (1949), Griicheland (zënter 1949; 1967-1974 suspendéiert), Island (1950), Däitschland (1951), Éisträich (1956), Zypern (1961), Schwäiz (1963), Malta (Abrëll 1965), Portugal (1976), Spuenien (1977), Liechtenstein (1978), San Marino (1988), Finnland (1989), Ungarn (1990), Polen (1991), Bulgarien (1992), Estland (1993), Litauen (1993), Rumänien (1993), Slowakei (1993), Slowenien (1993), Tschechesch Republik (1993), Andorra (1994), Albanien (1995), Lettland (1995), Mazedonien (1995), Moldawien (1995), Ukraine (1995), Kroatien (1996), Russesch Federatioun (1996), Georgien (1999), Armenien (25. Januar 2001), Aserbaidschan (25. Januar 2001), Bosnien-Herzegowina (24. April 2002), Serbien a Montenegro (03. April 2003), Monaco (05. Oktober 2004).
[Änneren] Literatur
- Uwe Holtz (Hrsg.): 50 Jahre Europarat, Baden-Baden: Nomos 2000, ISBN 3-7890-6423-8
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Europa
- Europäesch Unioun,
- Europäesch Mënschenrechtskonventioun
- Europäesch Dateschutzkonventioun
- Biomedezinkonventioun
- EURIMAGES
- Europäesch Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen