Eugène Berger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Eugène Berger (* 4. Dezember 1960 zu Beetebuerg) ass e lëtzebuergesche Politiker a Fräizäitalpinist.
No séngem Lycée an der Stad fänkt en 1980 u matt schaffen. No e puer Joer als Chargé de Cours an als Staatsbeamten studéiert den Eugène Berger fir Schoulmeeschter an übt dëse Beruff vun 1988 bis 1994 aus. 1992 klëmmt den Eugène Berger als bis ewell eenzege Lëtzebuerger op d'Spëtzt vum Mount Everest. Seng Popularitéit duerch deen Exploit dréit derzou bäi, dass en 1994, op der Lëscht vun der DP, an d'Chamber gewielt gëtt.
Dat nämlecht Joer gëtt hie Member vum Directiouns-Comité vun der DP. 1999 gëtt hien an d'Chamber erëmgewielt an de 7. August zum Staatssekretär fir Ëmwelt an der Regierung Juncker-Polfer ernannt (bis Juli 2004).
Den Eugène Berger ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.