Erna Berger
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Erna Berger, gebuer den 19. Oktober 1900 zu Cossebaude bei Dresden (déi Zäit am Sachsen, a gestuerwen de 14. Juni 1990 zu Essen (Däitschland) an Nordrhein-Westfalen, war eng däitsch Sopranistin.
Nom Éischte Weltkrich sinn hir Elteren a Paraguay emigréiert. 1924 ass d'Erna Berger nees an Däitschland zréckkomm, an huet hir Stëmm zu Dresden ausbilde gelooss. Fir d'éischt Kéier op enger Bühn war si 1925 wéi de Fritz Busch si als ee vun den dräi Bouwen an der Zauberflöte an der Dresdner Staatoper engagéiert huet. Den Hierdejong am Tannhäuser huet si 1930 zu Bayreuth ënner dem Toscanini gesong. Vun 1934 un war d'Erna Berger 20 Joer laang Member vun der Staatsoper Berlin.
Concertsreesen konnt déi wichtegst däitsch Koloratursopranistin vun hirer Generatioun uechter déi ganz Welt maachen. Zënter 1960 war si Professer zu Hamburg op der Musekhéischoul.
Et gëtt vill Plackenopnahme mat der Erna Berger.
[Änneren] Bicher zum Thema
- Erna Berger: Auf Flügeln des Gesanges - Erinnerungen einer Sängerin, Atlantis Musikbuch, 1989
- Karla Höcker: Erna Berger, Rembrandt Verlag, 1961, 62 Säiten, vergraff.