Entreprise
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Entreprise gëtt allgemeng e Projet bezeechent, dee vun enger Persoun duerchzeféiern ass. Am wirtschaftleche Beräich gëtt der Entreprise hir Struktur am sougenannte Businessplang festgeluecht.
Am méi enke Sënn ass eng Entreprise eng Unitéit, déi, onofhängeg vun hirer legaler Form, eng wirtschaftlech oder gemengnëtzeg Aktivitéit ausübt. Dee Begrëff beschreift also an éischter Linn eng Aktivitéit an net onbedéngt eng Firma. Als Entreprise gëlle besonnesch déi Projeten, déi eng handwierklech, fräiberuflech, oder handelsrechtlech Aarbecht als Eepersounebetrib' oder Familljebetrib ausüben, mee och Persounen- a Kapitalgesellschaften, déi regelméisseg kommerziellen Aktivitéiten noginn.
D'Gréisst oder d'Zil vun enger Entreprise si fir d'Definitioun vun enger Entreprise irrelevant. Eng Entreprise grenzt sech vun engem Projet grondsätzlich doduerch of, datt se keen definéierten Endzäitpunkt huet, keen eemolegen, mee e stännege Projet ass, an d'Ressourcen normalerweis net vun Ufank u begrenzt sinn. Op deer anerer Säit kënne Projeten awer Bestanddeeler vun enger Entreprise sinn.