Enrico Caruso
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Enrico Caruso, gebuer de 27. Februar 1873 zu Neapel, a gestuerwen den 2. August 1921 bei Neapel war en italieneschen Tenorsänger.
Den Errico, wéi hie laang geheescht hat, war dat 18. Kand an der Famill an dat éischt, dat iwwerlieft huet. Säi Papp war an der Jute-Industrie zu Neapel beschäftegt. Fir an d'Schoul ze goen, waren net genuch Suen do, an esou ass de jonken Errico mat zéng Joer als Hëllefsaarbechter schaffe gaang.
Ugafaang mat Sangen huet de Caruso als Jugendlechen. Hie war member an engem Chouer, huet eng kleng Roll gesongen an enger lokaler Operretteproduktioun an huet vun 1891 u Stonne geholl fir seng Stëmm ze trainéieren. 1895 koum déi éischt Roll an enger Oper, dem Donerio Morelli seng L'amico Francesco, déi et op zwou Opféierunge bruecht huet. No e puer rouege Faust a Cavalleria rusticana-Owender, ass de Caruso op Neapel sange gaangen. Duerno koum et zu enger Tournée an Egypten. Dat huet him et erméiglecht, e puer méi zolidd Rollen anzesangen. E richtege Succès hat hien dunn zu Neapel, dës Kéier am grousse Mercadante Theater, wou en ugefaangen huet mat Belcanto-Repertoire wéi dem Gaetano Donizetti senger Lucia di Lammermoor.