Eindhoven Team Time Trial
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Eindhoven Team Time Trial ass eng Vëloscourse a Form vun engem Equipenzäitfueren. Dës Course gëtt zënter 2005 an Holland gefuer an ass vun do un och um Programm vum UCI ProTour.
2005 huet eng Equipe aus sechs Leit bestanen. D'Zäit gouf gestoppt wann de véierte Mann vun der Equipe iwwert d'Ligne d'Arrivée gefuer ass.
2006 konnten aacht Leit an enger Equipe matfueren. Op déi Mannéier gläicht d'Course méi engem Equipenzäitfueren an de groussen Etappecoursen. D'Equipe "Discovery Channel" mam Benoît Joachim ass hannert dem Gewënner "Team CSC" op déi zweet Plaz komm.
[Änneren] D'Gewënner
- 2005 : "Gerolsteiner" mat Markus Fothen, Sven Krauss, Sebastian Lang, Thorsten Schmit, Uwe Peschel a Michael Rich
- 2006 : "Team CSC" mat Lars Ytting Bak, Michael Blaudzun, Michael Blaudzun, Stuart O’Grady, Christian Müller, Brian Vandborg, Jens Voigt an David Zabriskie