Ee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Ee ass d'weiblech Keimzell, déi och Eezell genannt gëtt. Hei geet et em déi Eeër, déi direkt virun oder no der Fecondatioun geluecht ginn. Fir aner Bedeitungen, kuckt: Ee (Homonymie).
Déieregruppen, déi Eeër leeën, sinn Invertebréiert, Insekten, Fësch, Amphibien, Reptiller a Vullen an och e puer Zorten Mamendéieren aus der Ënnerklass vun de Protheria (wéi z.B. d'Schnieweldéier).
Eeër kënnen dofir ganz ënnerschiddlech Gréissten, Formen a Faarwen hunn, ann d'Strategien, wéi den Nowues, deen aus den Eeër kënnt, opgezillt gëtt, sinn och ganz villfälteg.
Bei de Fësch an den Amphibie sinn d'Eeër mëll, se sinn an enger Haut aus Schläim a ginn an d'Waasser geluegt.
Bei de Vigel hunn d'Eeër eng Schuel aus Kallek, a bei de Reptiller, Insekten a soss Gedéiesch ass dat Baussecht ganz ënnerschiddlech.