Edward Forbes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edward Forbes gebuer den 12. Februar 1815 zu Douglas op der Isle of Man, a gestuerwen den 18. November 1854 zu Edinburgh, war e briteschen Naturfuerscher. Hie gëllt als Begrënner vun der Zoogeologie oder Biogeograpie an ass e Matbegrënner vun der Déifséifuerschung.
1841 gouf de Forbes Curateur vum Musée vun der Geological Society of London, 1842 Professer am King's College London an 1844 Paläontolog vum British Geological Survey. 1853 gouf hie President vun der Geological Society of London a kuerz viru sengem Doud krut hien e Léierstull fir Naturgeschicht op der University of Edinburgh.
[Änneren] Wierker
- History of British Starfishes, 1841
- On the Connection between the distribution of the existing Fauna and Flora of the British Isles, and the Geological Changes which have affected their Area, especially during the epoch of the Northern Drift, 1846
- A history of British Mollusca, and their shells, London, van Voorst, 1853