Dullemajik (Grupp)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dullemajik ass eng lëtzebuergesche Folk-Grupp déi 1975 ronderëm de Gittarist a Sänger Guy Schons gegrënnt ginn ass. Eng zweet wichteg Figur am Grupp war de Flutist Marion Michels. Obwuel datt dëse Kär vum Grupp ëmmer nees mateneen opgetratt ass, sinn och dacks aner Museker derbäi.
Donieft mécht de Guy Schons och Projeten eleng, wéi seng Revue iwwert de Putty Stein.
Haaptuleies bei der Grënnung vum Grupp war deemools déi Lëtzebuerger Volleksmusek nees an Erënnerung ze bréngen. Mat hirer Manéier al Lëtzebuerger Lidder an awer och nei Kompositiounen ze presentéieren, hu si ganz vill Androck hannerloss an en neit Bewosstsi fir déi lëtzebuergesch Kultur bei deene jonken Generatioune geschaf.
Den Numm Dullemajik bezitt sech op d'Museksinstrument mam selwechten Numm.
[Änneren] Déi aktuell Grupp
- De Guy Schons, Gittar, Dullemajik a Gesank
- de Vincent Soubeyran, Gei a Gesank
- de Marion Michels, Flütten a Gesank
- d' Lisa Berg, Cello
- de Maurizio Spiridigliozzi, Akkordeon
[Änneren] Plakken
- 1975 Dullemajik "Lëtzebuerger Volleksmusek"
- 1980 "Oh wier ech dach am Grengewald"
- 1979 "Dem Fiischen säi Fest" ënner anerem mat der Dullemajik
- 1992 Dullemajik "Di schéinste Lidder"
- 1992 "Putty Stein - Chanson Cabaret" Guy Schons
- 1993 "Déi Schnëss" Guy Schons - Alexandra Ley - Maurizio Spiridigliczzi
- 1995 Dullemajik "20 Joer"
- 2005 Dullemajik - Schons erëm!