Desert Eagle
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Desert Eagle ass eng hallefautomatesch Pistoul, déi op dem Funktiounsprinzip vum Gasdrocklueder baséiert, wat et erlaabt fir esou staark Patrounen ze schéisse wéi soss just mat Magnum Revolveren.
D'Desert Eagle gëtt vun der israelescher Firma Israeli Military Industries (IMI) fir den US-amerikanesche Betrib Magnum Research Inc. fabrizéiert. Magnum Research huet dat eigentlecht Desert-Eagle-Design entwéckelt a patentéiert, mee d'Ausschaffen huet IMI iwwerholl.
Et gëtt se an dräi verschiddene Versiounen: Mark I, Mark VII a Mark XIX. D'Mark I gëtt net méi fabrizéiert a war an de Kaliberen .357 Magnum a .44 Magnum ze kréien. D'Mark VII kritt een am Moment just mat .44 Magnum, d'Variante mat .357 Magnum- an .41 Magnum-Kummere ginn net méi produzéiert. Déi am meeschte gebrauchte Versioun ass d'Mark XIX, déi et mat .357 Magnum, .44 Magnum a .50 AE gëtt.
Eng Desert Eagle kann ee ganz einfach op eng aner Kummergréisst ëmrüsten andeems ee just en anere Laf abaut, well do déi richteg Kummer scho mat drunhängt. Déi beléifste Laflängt ass sechs Zoll, mee et kritt een och déi e wéineg méi seelen zéng a véierzéng Zoll-Leef.
D'Desert Eagle huet en eraushuelbare Chargeur, wéi all aner hallefautomatesch Pistoul och. Well se esou grouss Patroune schéisst, ass d'Kapazitéit vum Chargeur éischter limitéiert. Wann z.B. eng SIG Sauer P226 (Kaliber 9×19 mm) op 16 Schoss kënnt, sou läit d'Desert Eagle mat .357 Magnum bäi 9 Schoss, mat .44 Magnum bäi 8 Schoss a mat .50 AE bäi nach just 7 Schoss.