Der Fuehrer's Face
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Der Fuehrer's Face ass en Zeechentrickfilm aus dem Haus Disney aus dem Joer 1943.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Wéi koum et zum Film?
Am Zweete Weltkrich goufen an alle gréissere Länner ënner anerem munneg Propagandafilmer gedréit. Nodeems d'USA mat an de Krich goungen, si natierlech d'Filmstudioen mat agespaant gi fir d'Krichspropaganda.
Den Disney Studio war natierlech och mat derbäi, an hat wëlles, eng vun hire bekannteste Figuren an Nazi-Däitschland ze versetzen. Den Titel war scho bekannt: Donald Duck in Nutzi Land. Mee dunn huet de Spike Jones mat senge City Slickers e Propagandalidd erausginn, dat en enorme Succès hat, Der Fuehrer's Face. Doropshin gouf de Filmtitel geännert an dem Spike Jones säi Lidd mat agebaut. Den Zeechtrickfilm, deen den 1. Januar 1943 fir d'éischt gewise gouf hat sengersäits nach méi e groussen Erfolleg.
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Mir sinn an engem US-amerikanesche Propagandafilm géint Nazi-Däitschland, deen de Walt Disney am Zweete Weltkrich gemaach huet.
Den Donald Duck läit am Bett a gëtt duerch eng bläreg Marschmusek wakereg, steet op an dréit en sech zu de Portraiten vum Hitler, dem japanesche Keeser Hirohito a dem Mussolini a gréisst déi op eng rituell Manéier. Duerno well en erëm a säi Bett. Awer anonym Hänn schëdden him en Eemer Waasser iwwer de Kapp fir e vum Bett ewechzehalen. Da geet et op de Kaffisdësch; den Donald hëlt hanner engem Hitler-Portrait aus engem Kofferfort eng Kaffisboun eraus, déi un engem Fuedem hänkt. Déi zappt hien an eng Taass Waasser. Dann deet hien seng Naziuniform un, mat Hakekräiz-Aarmband an Hakekräiz-Kap fir schaffen ze goen.
When der Fuehrer says, "We ist der master race"
We HEIL! HEIL! Right in der Fuehrer's face
Not to love Der Fuehrer is a great disgrace
So we HEIL! HEIL! Right in der Fuehrer's face
[Änneren] Dem Spike Jones säi Lidd
De Spike Jones & His City Slickers ass eng US-amerikanesch Musekband, déi berühmt ass wéinst hire Parodien op alles wat jeemols en Toun vu sech ginn huet. Am bekannteste kéint hir "William Tell Overture" sinn. Dem Rossini seng Ouverture als Sportreportage mat der Stëmm vum Doodles Weaver: Bananas coming up through the bunch
When Herr Goebbels says we own the world and space
We heil heil right in Herr Goebbels' face
- Bei all heil ass e verréckten Toun ze héieren, deen "the Bronx cheer" genannt gouf.
D'Wuert "heil" ass 31 an en hallef Mol am Lidd ze héieren.
[Änneren] Wat ass mam Film geschitt?
Nom Krich ass de Film an den Tirange verschwonn. Eréischt 2004 ass de Film erëm opgedaucht. An dem DVD-Coffret On The Front Lines aus der Serie Walt Disney Treasures ass e fir déi alleréischte Kéier ze fanne mat anere Kuerzfilmer, déi bei Disney an deeër Zäit gezeechent goufen.
[Änneren] Gielercher
Der Fuehrer's Face krut 1943 en Academy Award, besser bakannt als Oscar als Best Short Subject, Cartoons.