D'Affär vum Jorhonnert
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
Land | Lëtzebuerg | |||
Sprooch | Lëtzebuergesch | |||
Erauskomm | 1990 | |||
Text | Lucien Czuga | |||
Zeechnungen | Roger Leiner |
D'Affär vum Jorhonnert ass den 3. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.
[Änneren] Ëm wat geet et ?
De Band fänkt u mat engem Kongress vum F.R.I.C. (Fédération des rois internationaux du crime). Op deem Kongress versprécht eis de fréieren Haaptkommissär Dämps eng "Affär vum Jorhonnert". E puer Deeg drop kritt de Superjhemp e Pak mat engem Dëppche Kachkéis. Hien ësst eng Schmier mat deem Kachkéis, kritt gréng Punkten an d'Gesiicht a fält ëm. De Superjhemp ass mam KAIDS (Kachkéisimmanent Attackviren fir d'Infektioun vun Daperen Superjhempen) infizéiert.
Lusch Gestalte profitéieren vun deem zäitweilegen Malaise vum Superjhemp, klauen den europäesche Geldiesel a verstoppen en am Stau. Kuerz drop daucht dann op eemol ee Monster am Stau op. De Superjhemp, deen an der Tëschenzäit erëm gesond ass, kritt den Optrag, den europäesche Geldiesel zeréckzefannen. De Superjhemp flitt sech de Stau ukucken, gëtt do awer vum Monster iwwerrascht a mat Whisky ausgeschalt.
Erëm doheem kritt de Superjhemp eng Kaart aus Schottland. D'Félicie an d'Kanner sinn do an der Vakanz an zielen him vun engem gewësse Supermac, deen a Schottland d'Nessie, d'Monster vu Loch Ness gezeemt huet. Hie flitt also a Schottland, fir de Supermac ze treffen, well hie geet dervun aus, datt deen him kann hëllefen, dat Monster aus dem Stau onschiedlech ze maachen. Nodeems en a Schottland ukomm ass, erkläert hien dem Supermac de Problem, an zesumme komme se zeréck op Luxusbuerg, wou de Supermac mat Hëllef vun Dudelsakgesank d'Monster zur Streck bréngt. Bei dem Kampf mécht d'Monster awer d'Staumauer futti, an d'Land gëtt nëmme gerett, well de Superjhemp d'Staumauer mat Kachkéis fléckt.
Well awer beim Brieche vun der Mauer Waasser aus dem Stau gelaf ass, gesinn de Superjhemp an de Supermac eng ganz Rei vu Saachen um Gronn vum Stau, ënner anerem dat Monster, wat a Wierklechkeet en U-Boot war, awer och den europäesche Geldiesel. De Superjhemp bréngt de Geldiesel nees zréck op seng Plaz an de Supermac flitt erëm heem a Schottland. Ier hien awer endgülteg verschwënnt, schenkt hien dem Superjhemp nach säi Superhond Bernie, deen zënter deem Moment zu der Famill Kuddel gehéiert, an an all Album erëmkënnt.