Talk:Département des Forêts
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Et wier méi logesch, an der Lëscht déi eenzel Chef-lieuë vun de Kantonen ënnert hire respektiven Arrondissement ze setzen. D'Englänner hunn dat bal esou gemaach, just datt si déi fréier Kantone mat Links op déi heiteg Uertschaften gemaach hunn, wat natierlech net geet. Mee fir elo ze wëssen, wéi de Chef-lieu vum fréiere Kanton Betebuerg, Betzder etc. geheescht huet... --Otets ♣ 23:16, 2 Mee 2005 (UTC)
[Änneren] vingt-sept administrations municipales
Wann ech sou am Lefort sengem Bichi kucken, da fannen ech do den Arrêté vum Joubert vum 11. September 1795 zitéiert: Art. 5. Il y aura , en outre, dans l'étendue de la dite Administration d'arrondissement, vingt-sept administrations municipales. Art. 6. Elles sont établies dans les cantons ci-après: Luxembourg, Arlon, Mersch, Hesperange, Bastogne, Neufchâteau, Étalle, Virton, Chiny, Orchimont, Wellin, Saint-Hubert, Marche, Durbuy, La Roche, Houffalize, Salm, Saint-Vith, Diekirch, Grevenmacher, Bittbourg, Dudeldorff, Echternach, Remich, Neuerbourg, Hosingen et Wiltz. .... Ass dat net e bësse "komesch"? --Cornischong 00:03, 3 Mee 2005 (UTC)
D'Englänner hunn och nëmme 27 Kantonen, mee anerer wéi an deem Arrêté. Watfir eng ladite Administration d'arrondissement ass dann do gemengt? Ass do net och de Chef-lieu all Kéiers uginn? --Otets ♣ 07:58, 3 Mee 2005 (UTC)
Bei den "Englänner" gesinn ech "Bettembourg". Ass dat net e bësse "komesch"? --Cornischong 08:36, 3 Mee 2005 (UTC)
A well dat Ganzt nach net komplizéiert genuch ass, hei en Zitat aus dem Albert Calmes sengem "Au fil de l'histoire II" (Säit 215): "L'arrêté du Comité de Salut public du 14 fructidor an III, en termes plus clairs du 31 août 1795, partagea le duché de Luxembourg, devenue le Département des Forêts, en 37 cantons." - Wee bitt méi? --Cornischong 09:42, 3 Mee 2005 (UTC)
Méi misst effektiv dra sinn, well den Départements des Forêts jo méi grouss war wéi just d'Herrzogtum Lëtzebuerg mat senge 37 ;-)) Kann awer och e Schreiffeeler vum Albert Calmes gewiescht sinn, deen d'zwee mat der dräi verwiesselt huet. --Otets ♣ 10:46, 3 Mee 2005 (UTC)
[Änneren] Link
De Link op deser Säit funktionnéiert net (méi)? Myriam 08:05, 10 Mäerz 2006 (UTC)