Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Belsch ass e federale Staat, dee sech aus dräi Communitéiten (oder Gemeinschaften), dräi Regiounen, a véier Linguisteche Regiounen zesummesetzt. Zwou vun den dräi Regioune bestinn aus je fënnef, deemno am ganzen zéng Provënzen.
D'Belsch huet och 589 Gemengen. Nieft dësen Ënnerandeelungen, déi an der Belscher Verfaassung definéiert sinn, ginn et nach Distrikter bannent de Gemengen, Police- a Wahldistrikter, asw.
Vereinfacht ausgedréckt sinn d'Regiounen zoustänneg fir alles, wat mam "Buedem" ze dinn huet, also Landesplanung, Landwirtschaft, Transport, Energie, Ëmwelt, asw., an d'Communautéite fir dat, wat mat "Sprooch" ze dinn huet, deemno Erzéiung, Kultur, Sport, asw. De Federalstaat selwer huet an deene leschte Joerzéngten ëmmer méi Kompetenzen un d'Regiounen an d'Communautéiten ofginn, esou dass net méi vill "nationales" méi rescht bliwwen ass.
All dës Ënnerandeelungen hu geographesch Grenzen: d'Regiounen, d'Sproochregiounen, d'Communautéiten, d'Provënzen an d'Gemengen. D'Andeelung a Communautéiten as och geographesch delimitéiert: D'Flämesch Regieurng huet Gesetzesautoritéit (wat Communautéits-Kompetenzen ubelaangt) nëmmen an der Regioun Flandern an an der Regioun Bréissel-Haaptstad; d'franséisch Communautéit huet analog just Pouvoiren iwwer communautaire Themen a Wallounien an an der Haaptstadregioun Bréissel. An anere Wierder: E Flam, deen zu Arel wunnt, kann sech net op déi flämesch Gesetzgebung mat bezuch op déi Flämesch Communautéit beruffen. Déi Belsch Communautéite bezéien sech net direkt op Leit (oder Gruppe Leit), mee op politesch, kulturell a sprochlech Kompetenzen a verschiddene Regioune vum Land.
Deemno ass déi Flämesch Communautéit kompetent an der Flämescher a Bréisseler Regioun, déi Franséisch an de Regioune Wallounien (mat Ausnam vun deene Gemengen, wou däitsch geschwat gëtt) a Bréissel, an déi däischsproocheg Communautéit fir en Deel vun der Provënz Léck, laangscht d'däitsch Grenz.
Déi dräi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun.
Déi dräi Communautéite sinn:
- d'franséischsproocheg Franséisch Communautét vun der Belsch (Communauté Française de Belgique)
- d'hollänneschsproocheg Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap) an
- d'Däitschsproocheg Communautéit vun der Belsch (Deutschsprachige Gemeinschaft Belgiens.
Am Géigesaz zu deenen anere Regiounen hunn d'Flämesch Rgioun an d'Flämesch Communautéit hirt Parlament an hir Regieurng zesummegeluecht.
Déi véier linguistesch Regioune sinn déi franséischsproocheg Regioun, déi däitschsproocheg Regioun, déi hollänneschsproocheg Regioun an déi zweesproocheg Regioun Bréissel-Haaptstad.
[Änneren] Communautéiten
Communautéiten | Flämesch Communautéit | Franséisch Communautéit | Däitschsproocheg Communautéit |
Hollänneschen Numm | Vlaamse Gemeenschap | (Franse Gemeenschap) | (Duitstalige Gemeenschap) |
Franséischen Numm | (Communauté flamande) | Communauté française | (Communauté germanophone) |
Däitschen Numm | (Flämische Gemeinschaft) | (Französische Gemeinschaft) | Deutschsprachige Gemeinschaft |
Lag | |||
Fändel | Image:FlagofGermanBelgium.png | ||
Haaptstad | Bréissel (zesumme mat der Flämescher Regioun) |
Bréissel | Eupen |
Ministerpresident | Yves Leterme (zesumme mat der Flämescher Regioun) |
Marie Arena | Karl-Heinz Lambertz |
Website | www.flanders.be | www.cfwb.be | www.dglive.be |
[Änneren] Regiounen
Regioun | Flämesch Regioun | Wallounesch Regioun | Haaptstadregioun Bréissel |
hollänneschen Numm | Vlaams gewest | (Waals gewest) | Brussels Hoofdstedelijk Gewest |
franséischen Numm | (Région Flamande) | Région Walonne | Région Bruxelles-Capitale |
däitschen Numm | (Flämische Region) | Wallonische Region | (Hauptstadtregion Brüssel) |
Lag | |||
Fädel | |||
Haaptstad | Bréissel | Namouer | Bréissel |
Fläch | 13522 km² | 16844 km² | 161 km² |
Awunnerzuel | 6,043,161 | 3,358,560 | 1,006,749 |
Populatiounsdicht | 442/km² | 199/km² | 6238/km² |
Ministerpresident | Yves Leterme | Elio Di Rupo | Charles Picqué |
Website | www.flanders.be | www.wallonie.be | www.brussels.irisnet.be |
[Änneren] Provënzen
Kuckt och den Artikel Belsch Provënzend'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
Communautéiten Däitschsproocheg Communautéit · Flämesch Communautéit · Franséisch Communautéit
Regiounen Flämesch Regioun: Antwerpen · Flämesche Brabant · Limburg · Ostflandern · Westflandern
Wallounesch Regioun : Hainaut · Léck · Lëtzebuerg · Namouer · Wallounesche Brabant
Regioun Bréissel-Haaptstad