Chamonix
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Chamonix ass eng bekannt Wantersportuertschaft vun den Alpen an der Haute-Savoie a Frankräich.
[Änneren] Sport
[Änneren] D'Olympesch Wanterspiller vun 1924
Vum 25. Januar bis de 5. Februar 1924 gouf, op Decisioun vum Internationalen Olympesche Comité, zu Chamonix d' Semaine internationale du sport ofgehalen. Nodeems dës Manifestatioun e ganz groussen Erfolleg war, ass se nodréiglech "I. Olympesch Wanterspiller" benannt ginn.
[Änneren] Tour de France
Zu Chamonix sinn eng Rei Etappe vum Tour de France ukomm. Etappegewënner waren:
- 1911 : Charles Crupelandt Frankräich an der 4. Etapp vu Belfort op Chamonix (344 km)
- 1912 : Eugène Christophe Frankräich an der 4. Etapp vu Belfort op Chamonix (344 km)
- 1963 : Jacques Anquetil Frankräich an der 17. Etapp vu Val d'Isère op Chamonix (227,5 km)
- 1966 : Edy Schütz Lëtzebuerg an der 18. Etapp vun Ivrea op Chamonix (188 km)
- 1969 : Roger Pingeon Frankräich an der 9. Etapp vu Thonon-les-Bains op Chamonix (111 km)
- 1977 : Dietrich Thurau Däitschland an der 16. Etapp vu Morzine op Chamonix (121 km)